
Fir d'Waasser an der Schwämm méi laang propper a kloer ze halen, gräift een dacks op sougenannt Poolchemikalien zeréck. E wichtegt Thema, bei deem ee ganz genee oppasse muss. D'Chiara Wohl vun der SuperDrecksKëscht erkläert dem Nico Thielen am Interview, dass et sech hei eben ëm "Chemikalien" handelt, mat deenen soll een nimools liichtfankeg ëmgoen. Chimie am Waasser kann Auswierkungen op d’Haut, d’Gesondheet an och op d’Ëmwelt hunn. Dowéinst ass et wichteg, sech schonn éier een Poolchemikalie keeft, gutt z’informéieren an sech am Fachgeschäft berode ze loossen.
Firwat gëtt dat haaptsächlech benotzt?
Haaptsächlech gëtt Poolchemie benotzt, fir d’Desinfektioun vum Waasser ze garantéieren an esou géint Bakterien oder Schimmelbildung virzegoen. Donieft gi Saieren oder Lauge benotzt – eng sougenannt "basesch Reinigung" – fir d’Waasser kloer ze halen. Eng wichteg Roll spillt och de pH‑Wäert, deen am beschte scho virum Gebrauch vu Poolchemie kontrolléiert gëtt. Nëmmen esou kann ee seng Basis‑Waasserqualitéit richteg aschätzen.
Mee an den ëffentleche Schwämme gëtt och mat Chimie geschafft?
Jo, do kënnt geschoulte Personal zum Asaz, dat genee weess, wéi eng a virun allem wéi vill Chimie benotzt muss ginn. Ëffentlech Schwämme bidden dofir och e puer Virdeeler: et gëtt kee private Waasserverbrauch, de Energieverbrauch ass méi niddreg an et brauch een doheem keng Filteranlagen oder reegelméisseg Wiesselen. Dat mécht dës Schwämme méi effizient an nohalteg.
Wéi eng wichteg Tipps hues de nach zum Schluss?
Wann een doheem keng Chimie benotzt, kann d’Waasser aus der Schwämm esouguer nach am Gaart benotzt ginn – zum Beispill fir Planzen, Uebst oder Geméis ze netzen. Och hei gëllt: manner ass méi. Et soll just esou vill kafen, wéien och wierklech fir eng Saison brauch. Wann awer Reschter vun Poolchemikalien iwwreg bleiwen, solle se net Joren am Keller gelagert ginn. Poolchemikalie si Produiten, déi mat Sauerstoff an oder mat Waasser oder Fiichtegkeet reagéieren. Dowéinst solle se beim Ressourcenzenter oder iwwer d’Mobil Sammlung vun der SuperDrecksKëscht entsuergt ginn.
All Informatioune heizou fannt Dir och op sdk.lu.