Den Alexander Zverev huet d'US Open am Tennis gewonnen. Dat a véier Sätz mat 6:3, 7:6, 5:7 a 6:2 géint den US-Amerikaner Ben Shelton.
No der Victoire zu Rolland Garros ass et direkt den zweete Grand-Slam-Titel fir de 29 Joer alen Däitsche bannent just e puer Méint.
Eréischt Ufank Juni bei de French Open hat den Zverev säin éischte Grand-Slam-Titel gewonnen a war e puer Wochen dono och an d'Finall zu Wimbledon komm.
Den Zverev ass deen zweeten däitschen Eenzelchampion zu New york nom Boris Becker 1989. Fir säin Erfolleg géint de Shelton huet den Zverev d'Rekordpräisgeld vu 5,5 Milliounen Dollar, also ronn 4,7 Milliounen, kritt. Den Zweeten op der Weltranglëscht war 2020 schonn eng Kéier an der Finall vun den US Open, hat awer deemools 2:0 géint den Éisträicher Dominic Thiem verluer.
De Weekend hunn och d'Frae bei den US Open gespillt: