Billard Predator Series LuxembourgVum Cafésport an déi grouss Halen

Max Bäcker
D'Predator Series huet dëst Joer déi éischt Kéier zu Lëtzebuerg Statioun gemaach. Eng Rei Toppspiller haten de Wee op Wickreng fonnt.

Vill kennen de Billard aus der Bar oder dem Café. Ma zu Wickreng huet d'Elitt aus Europa dës Woch gewisen, dass dëse Sport absolut Prezisiounsaarbecht ass. Op de Punkt muss ee liwweren, ma dofir muss de Kapp fräi an d'Konzentratioun um Héichpunkt sinn.

Obwuel all déi néng Lëtzebuerger séier aus dem Turnéier waren, fält de Bilan vum Responsabele Serge Van Kaufenbergh positiv aus. Duerch d'Presenz vun esou villen Toppspiller gouf et och déi eng oder aner Iwwerraschung am Tablo.

D'Schlussvictoire bei den Damme konnt sech d'Pia Filler duerch e 7:5-Succès an der Finall géint d'Mayte Ropero sécheren. Bei den Hären ass d'Victoire un hire Mann Joshua Filler gaangen, dee sech an der Finall géint d'Nummer 1 vun der Welt Wojciech Szewczyk mat 9:5 behaapt huet.

Back to Top
CIM LOGO