Championstitel iwwer 100 Meter gewonnen"Sou lues geet et rëm besser", sou d'Patrizia van der Weken no hirem Retour op d'Pist

Bern Thill
Déi bescht Lëtzebuerger Sprinterin huet e Samschdeg den nationale Championstitel iwwer 100 Meter gewonnen.

No 36 Deeg ouni Competitioun war d'Patrizia van der Weken de Weekend um nationale Championnat um Fetschenhaff erëm an Aktioun. No engem intensive Saisonsstart mat verschiddenen Optrëtter bei der renomméierter Diamond League huet déi bescht Lëtzebuerger Sprinterin déi lescht Woche genotzt, fir sech voll op den Training ze konzentréieren an un Detailer ze schaffen.

Mat 11,19 Sekonnen an der Serie an 11,22 Sekonnen an der Finall bloufen hir Zäiten zwar nach e gutt Stéck vun hirer Weltklasszäit vun 11,00 Sekonnen ewech, mee d'Athleetin huet sech no der Course zefridde gewisen.

"Sou lues geet et rëm besser. Ech hat e bësse mat e puer Saachen ze kämpfen, dowéinst hunn ech déi Zäit genotzt, fir ze trainéieren an eben u sou klengen Detailer ze schaffen. Mee ech mengen, ech ka ganz zefridde sinn, mat deem wat ech gewisen hunn", sou d'Patrizia van der Weken.

Dobäi waren d'Konditiounen um Fetschenhaff net ideal. De Wand huet, wéi sou dacks op där Pist, eng wichteg Roll gespillt an d'Resultater beaflosst.

"An der Serie war am Ufank Géigewand an an der Mëtt Réckewand, an elo an der Finall mengen ech, war einfach iwwerall Géigewand. Dat spillt eng Roll."

Och wann d'Form nach net bei 100 Prozent ass, gesäit den Trainer Arnaud Starck d'Entwécklung positiv. Kleng physesch Alerten, wéi hien et beschreift, bremsen d'Athletin nach liicht aus.

"Pour le moment, c'est quand même bien géré. Ce n'est pas encore tout à fait, elle n'est pas tout à fait libre dans sa tête pour courir à 100 %. Mais voilà, je pense que ça va dans le bon sens."

Iwwer 1.500 Meter huet d'Vera Bertemes-Hoffmann fir eng weider staark Leeschtung gesuergt. D'Celtic-Leeferin ass vum Ufank bis zum Schluss eleng un der Spëtzt gelaf a war a 4'12"04 Minutten am Zil. Ënnert deene Konditioune war dat eng exzellent Zäit, och wann d'Direktqualifikatioun fir d'Europameeschterschaft net gelongen ass.

D'Hoffnung op eng Participatioun un der EM bleift awer bestoen.

"Ech mengen, elo sinn ech 32. vun 30. Ech weess schonn eng Partie Leit, déi ofsoe missten. Dat ass natierlech dann och an der Verantwortung vun deene Federatiounen, dass se dat och maachen. Mee dëse Weekend kann nach vill geschéien. Et si vläicht nach Leit, déi nach net gelëscht sinn, déi optauche kënnen oder déi de Weekend nach e ganz gutt Resultat maachen. Ech mengen, dat wäerte mer dann déi nächst Woch gesinn, ob et duergeet."

Den Zäitraum vun der Qualifikatioun war bis e Sonndeg. Déi nächst Deeg dierft da feststoen, ob nieft dem Patrizia van der Weken nach eng zweet Lëtzebuergerin zu Birmingham mat dobäi ass oder net.

Back to Top
CIM LOGO