Ronn 700 Leefer a Leeferinne sinn un den Depart vun de verschiddene Coursse vum Ultratrail Mëllerdall gaangen. E Samschdeg um Hallefnuecht scho goufen d'Leefer vum Ultra-Trail, deen iwwer 111 Kilometer an 3.500 Héichtemeter gaangen ass, op d'Streck geschéckt. No 10 Stonnen, 51 Minutten an 21 Sekonnen huet sech de Fransous Alexandre Mayer e Samschdeg d'Victoire geséchert. Op d'Plazen 2 an 3 sinn de Boris Suselj (11:14:41 Stonnen) an den Arthur Bodet (11:32:54 Stonnen) gelaf. Beschte Lëtzebuerger war de Christian Andre als 8. an 12 Stonnen, 22 Minutten an 10 Sekonnen.
Séiersten Damm war d'Lëtzebuergerin Shefi Xhaferaj. Si huet 12 Stonnen, 12 Minutten a 40 Sekonne gebraucht. Op déi 2. Plaz ass d'Belsch Morgane Dethier an 13 Stonnen, 13 Minutten a 6 Sekonne komm. D'Shefi Xhaferaj konnt den Ultratrail Mëllerdall scho fir d'fënnefte Kéier gewannen.
Donieft gouf et nach Courssen iwwer 75 Kilometer, 35 Kilometer, 21 Kilometer an 10 Kilometer.
Hei fannt Dir déi komplett Resultater.
Déi nächst Editioun vum Ultratrail Mëllerdall ass den 11. September 2027.
Hären
LEOPARD UTML, ULTRATRAIL 111 KM
1. MAYER Alexandre 10:51:21
2. SUSELJ Boris 11:14:41
3. BODET Arthur 11:32:54
LEOPARD UTML, LONG TRAIL 75 KM
1. ARROYO OLALLA Alvaro 7:22:31
2. VANDERHULST Jeroen 7:23:06
3. GAIARIN Mick 7:24:42
LEOPARD UTML, TRAIL 35 KM
1. CLEES Luca 02:45:13
2. HERMANS Max 03:07:00
3. PETERS Neil 03:08:04
LEOPARD UTML, SHORTY 21 KM
1. SCHUMACKER Loic 01:46:05
2. SCHAACK Jeff 01:52:34
3. HUBERT Antoine 01:53:52
LEOPARD UTML, SUPER-SHORTY 10 KM
1. GANDOLFI Matthieu 00:42:48
2. SCHERER Raphaël 00:49:28
3. GARCIA Manuel 00:58:14
LEOPARD UTML, SUPER-SHORTY ado 10 KM (U16)
1. LE ROUX Soan 00:53:55
2. FAZILLEAUD Etan 00:59:07
3. HAMERS Ryan 00:59:08
Dammen
LEOPARD UTML, ULTRATRAIL 111 KM
1. XHAFERAJ Shefi 12:12:40
2. DETHIER Morgane 13:13:06
3. TANÉZIE Aurélie 16:19:13
LEOPARD UTML, LONG TRAIL 75 KM
1. LOEWEN Susanne 08:24:24
2. SCHENTEN Manou 08:49:47
3. SKAWINSKA Magdalena 08:56:20
LEOPARD UTML, TRAIL 35 KM
1. SCHNEIDER Franzisca 03:21:54
2. SCHWARZ Nadine 03:35:12
3. DÖRR Stéphanie 03:37:30
LEOPARD UTML, SHORTY 21 KM
1. SALOMON Toni 02:06:06
2. MARIN DAWID Beatriz 02:06:29
3. SOMBRA Maria Jose 02:07:51
LEOPARD UTML, SUPER-SHORTY 10 KM
1. GOEDERT Isabelle 01:07:22
2. ANDRÉ Sarah 01:09:24
3. FRANZEN Linda 01:09:27