
Scho virun der Finall ass eppes kloer: D'Aryna Sabalenka muss d'Spëtzt vun der Weltranglëscht no de US Open un d'Elena Rybakina aus Kasachstan oftrieden. Dat grousst Zil vun der Belarussin ass et dofir, op d'mannst hir Virherrschaft bei de US Open ze behaapten. Zanter 2023 ass d'Sabalenka zu New York ongeschloen. Si huet d'Méiglechkeet, e Samschdeg den Owend um 22 Auer Lëtzebuerger Zäit als éischt Spillerin zanter der US-Ikon Serena Williams (2012 bis 2014) dräimol noeneen am Big Apple ze gewannen.
Et ass schonn déi drëtt Grand-Slam-Finall tëscht béide Spillerinnen. D'Sabalenka hat 2023 mat enger Victoire an der Finall géing d'Rybakina zu Melbourne hiren éischte vu mëttlerweil véier Grand-Slam-Titele gefeiert. Dëst Joer hat d'Rybakina d'Sabalenka an Australien geklappt.
An den Halleffinallen hat d'Sabalenka iwwerdeems d'US-Amerikanerin Coco Gauff an dräi Sätz mat 3:6 an zweemol 6:4 geklappt. D'Rybakina war der US-Amerikanerin Jessica Pegula an zwee Sätz mat 7:5 a 6:2 iwwerleeën.