Wärend enger klenger Feier gouf ënner anerem op d’Virbildfunktioun vum Ruben Querinjean higewisen. De Sportler vum Joer huet nach eng Kéier ënnerstrach, dass hie seng Performancë virun allem der Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg ze verdanken ass. De Choix, fir Lëtzebuerg international ze vertrieden an net d’Belsch, war dee richtegen, sou de Ruben Querinjean. D’Victoire an der Diamond League an de Studente-Weltmeeschtertitel ënnersträichen dat.
En Dënschdeg setzt de Leefer am Fliger, fir a Südafrika e Stage vun dräi Woche fir d’Preparatioun vun der Summersaison ze maachen. Do steet den 3000-Meter-Steeple am Mëttelpunkt.