
D'Rettungsdéngschter zéien e positive Bilan vum Nuetsmarathon an der Stad. Et gouf keng gréisser Tëschefäll. Trotz enger Rekordzuel vun 18.000 Participanten a ville Leit, déi trotz dem killen an deels naasse Wieder laanscht d'Strooss stoungen, fir ze kucken.
Alles an allem hu missen 114 Persounen en charge geholl ginn. Leefer, grad wéi och Leit, déi nokucke komm sinn. 15 Leit hu missen an d'Spidol bruecht ginn an zwee mol waren och d'Pompjeeën am Asaz. Firwat genee, gëtt am Communiqué net präziséiert.
Fannt alleguer eis Galerie vum ING Nuetsmarathon op Pressphoto.rtl.lu an op eiser Foto-Homepage.
Weider Sujeten zum Event