Diamond LeaguePatrizia van der Weken leeft zu Rabat a Marokko op Plaz 4

Tom Nols
11'08'' ass der Sportlerin vum Joer hir perséinlech Beschtzäit fir dëst Joer. Si klasséiert sech hannert dräi Jamaikanerinnen als Véiert.
© MILLEREAU PHILIPPE/KMSP via AFP

E Sonndeg den Owend ass d'Patrizia van der Weken um Diamond-League-Meeting zu Rabat am Maroc an der Finall iwwer 100 Meter op déi 4. Plaz gelaf. Der Sportlerin vum Joer hir Zäit vun 11'08'' ass hir bis elo beschte vun dëser Saison.

Gewonne gouf d'Finall vun der jamaikanescher Vizeweltmeeschterin Tina Clayton an 10'85'', virun hire Landsfrae Lavanya Williams (10'95'') an Jonielle Smith (11'00''). Déi aktuell Weltmeeschterin an der Hal Zaynab Dosso koum mat 11'25'' op déi 7. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO