Indoor-Liichtathletik-WMPatrizia van der Weken leeft beschten Zäit an hirer Serie a steet an der Halleffinall

RTL Lëtzebuerg
Op der Indoor-Liichtathletik-Weltmeeschterschaft zu Torun a Polen huet d'Patrizia van der Weken sech fir d'Halleffinallen iwwer 60 Meter qualifizéiert.
D’Patrizia van der Weken war an hirem Virlaf déi Séierst
© WOJTEK RADWANSKI/AFP

Am zweete vu sechs Virleef ass d’Lëtzebuergerin un den Depart gaangen. Déi dräi Bescht aus all Virlaf esou wéi déi dräi séierst Zäiten, déi et net ënnert d’Topp 3 vun hirem Laf gepackt hunn, kommen an d’Halleffinallen. D’Course vum Patrizia van der Weken war fir 11.12 Auer e Samschdeg de Moie geplangt.

An et war e gudde Laf vun der Lëtzebuergerin. D’Sprinterin ass a 7 Sekonnen a 14 Honnertstel als 1. an hirer Serie iwwer d’Arrivée gelaf a louch domadder 0,05 Sekonne virun der Tatjana Pinto aus Portugal an 0,08 Sekonne virun der Minke Bisschops aus Holland.

D’Halleffinalle sinn den Owend vun 20.14 Auer u virgesinn an d’Finall iwwer 60 Meter ass fir 21.20 Auer geplangt. Vun 18.35 Auer u kënnt Dir d’WM am Stream op RTL.lu mat Commentaire vum Tom Flammang a Charles Grethen kucken.


Weider Sujeten zu der WM a Polen

Back to Top
CIM LOGO