40 Sekonnen a 76 HonnertstelNeien nationale Rekord iwwer d'4 x 100 Meter bei den Hären

RTL Lëtzebuerg
Fir den David Wallig war et ee vun am Ganzen dräi nationalen Titelen.
© GONZALO ALVAREZ B. / pexels.com

D'leschte Weekend huet de Club Athlétique de l'Est Grevenmacher um INS den nationalen Outdoor-Championat an der Liichtathletik organiséiert. Am Kader vun der Kompetitioun sinn den Alan Jéhanno, den David Wallig, de Jim Kaell an de Luc Dostert a 40"76 en neien nationale Rekord iwwert d'4 x 100 Meter bei den Häre gelaf. Wéi déi national Liichtathletikfederatioun matdeelt, hu si domat gläichzäiteg d'Norm realiséiert, fir un de Spiller vun de klenge Länner an un de Spiller vun der Francophonie deelzehuelen.

Dem David Wallig ass iwwerdeems nieft dem Titel mat der Staffel den Doublé vun den 100 (10"67) an den 200 Meter (21"62) gelongen.

D'Schreiwes vun der Federatioun

Back to Top
CIM LOGO