Nei Féierung an ErweiderungNeie Wand am Paralympesche Comité

Jana Peters
En Dënschdeg gouf am Rehazenter d’Assemblée Générale vum Luxembourg Paralympic Committee LPC ofgehalen. Haaptpunkt vun der Versammlung war d’Emstrukturéierung vum Comité.
Den neie Paralympesche Comité
Den neie Paralympesche Comité
© LPC

A Präsenz vun der Sportministesch Martine Hansen, dem COSL-President Michel Knepper, souwéi Vertrieder vu Sportsfederatiounen, Institutiounen, Sponsoren an Athlete stoung virun allem eng grouss strukturell Verännerung am Mëttelpunkt. Haaptpunkt vun der Versammlung war d’Emstrukturéierung vum Comité.

Den Interimspresident Massimo Cristallo huet säi Mandat néiergeluecht. Als neie President gouf de Serge Schaul gewielt, de Sidney Loes iwwerhëlt d’Funktioun vum Vizepresident. De Comité setzt sech elo aus insgesamt 11 Memberen zesummen. Mam Katrin Kohl, Philippe Hein a Lynn Strasser bleiwen dräi Vertrieder aus dem ale Comité erhalen. Si ginn ënnerstëtzt vum Stéphanie Thiry, Chloé Guibal, Jana Peters, Olaf Chalmer Rasmussen, Jean-Baptiste Prouhèze an Gennaro Pietropaolo.

Am Kader vun der Assemblée si mat der FLERA, FLJUDO an FSCL dräi nei Federatiounen dem LPC bäigetrueden. Dës dräi Federatioune schaffe schonn zanter enger gudder Zäit mam LPC zesummen a betreie Para-Athleten.

© LPC

Et war och d’Geleeënheet, Merci ze soen. De laangjärege President Marc Schreiner gouf fir säin Engagement geéiert an zum Éierepresident ernannt. Och d’Marie-Rose Meyer, e weidere laangjärege Member, krut fir hiren Asaz Merci gesot. Ofschléissend gouf et e sportlechen an administrativen Réckbléck op d’Joer 2025, grad ewéi en Ausbléck op d’Joer 2026.

Back to Top
CIM LOGO