TennisMirra Andreeva wënnt d'Finall vun de French Open

RTL Lëtzebuerg
D'Mirra Andreeva aus Russland huet d'French Open bei den Dammen a mat nëmmen 19 Joer direkt hiren éischte Grand Slam gewonnen. An der Finall huet si der Géignerin Maja Chwalinska keng Chance gelooss.
Russia's Mirra Andreeva serves to Poland's Maja Chwalinska during their women's final singles match on day 14 of the French Open tennis tournament on Court Philippe-Chatrier at the Roland-Garros Complex in Paris on June 6, 2026. (Photo by Dimitar DILKOFF / AFP)
D'Mirra Andreeva beim Service an der Finall géint d'Maja Chwalinska.
© AFP

Bei de French Open vun den Dammen huet sech d'Mirra Andreeva e Samschdeg de Mëtteg de Roland-Garros-Titel geséchert. Déi 19 Joer al Russin an Nummer 8 vum WTA-Ranking ass hirer Favoritteroll an der Finall géint d'Maja Chwalinska mat engem staarken Optrëtt gerecht ginn. Nom 6:3 am éischte Saz war de Klassenënnerscheed dann och am zweete Saz ze gesinn, wou d'Andreeva de Match mat engem 6:2 decidéiere konnt.

En Donneschdeg war der Nummer 114 vun der Weltranglëscht Maja Chwalinska eng sensationell Victoire an der 1/2-Finall gelongen.

E Sonndeg steet dann nach d'Finall bei den Hären um Programm. Ëm 15 Auer spillt do de Flavio Cobolli géint den Alexander Zverev.

Back to Top
CIM LOGO