WantersportMarius Lindvik gewënnt zu Planica

RTL Lëtzebuerg
Den Norweger setzt sech beim Schifléie virum Domen Prevc an dem Johann Andre Forfang duerch.
Norway's Marius Lindvik reacts during the final round of the Men's Individual Large Hill event at the FIS Jumping World Cup in Planica on March 29, 2026. (Photo by JURE MAKOVEC / AFP)
De Marius Lindvik no sengem Sprong fir d’Victoire zu Planica.
© AFP

Zu Planica ass am Schisprangen traditionell dat leschte d’Sprangen am Weltcup. Op der legendärer Schanz fléien Schisprénger ronderëm de Weltcup-Gesamtgewënner Domen Prevc bei Wäiten iwwer 230 Meter.

E Sonndeg konnt sech den Norweger Marius Lindvik mat Spréng op 238,5 an 231 Meter d’Victoire sécheren. Op déi zweete Plaz flitt den Domen Prevc virum Johann Andre Forgang.

Fir den Domen Prevc geet domat eng beandrockend Saison op en Enn. De Slowen huet net nëmmen d’Véierschanzentournée gewonnen, mee och nach de Gesamt-Weltcup an de Schifléien-Weltcup. Héichpunkt war am Februar awer seng Goldmedail bei den Olympesche Spiller. Eng Saison vun der Superlativ deemno fir de Slowen.

Back to Top
CIM LOGO