D'Maja Chwalinska huet bei de French Open fir eng Sensatioun gesuergt. Déi 24 Joer al Polin huet sech no enger gudder Stonn mat 2:0 (7:6, 6:4) géint d'Russin Diana Shnaider duerchgesat a steet domat als zweet Qualifikantin iwwerhaapt an enger Grand-Slam-Finall. Esou ee groussen Exploit war bis elo réischt der Brittin Emma Raducanu gelongen, fir déi et am Joer 2021 bei den US Open souguer den Titel gouf.
D'Nummer 114 vun der Weltranglëscht Chwalinksa, déi et fir eng éischte Kéier iwwerhaapt réischt an d'Haaptfeld gepackt hat, huet elo schonn déi 9. Partie hannerteneen zu Paräis gewonnen. An der Finall geet et elo e Samschdeg ëm 15 Auer géint déi 19 Joer al Landsfra Mirra Andreeva, déi sech mat engem staarke 6:1, 6:3 géint d'Marta Kostyuk den Ticket fir d'Finall séchere konnt.
Bei den Häre ginn e Samschdeg déi zwou 1/2-Finalle gespillt. Ëm 14:30 Auer spillt den Tschech Jakub Mensik géint den Däitschen Alexander Zverev an ëm 19:00 Auer kënnt et dann nach zum italieeneschen Duell tëscht dem Matteo Arnaldi an dem Flavio Cobolli.