D'Laura Correia an de Metti Reiter hu sech de Weekend bei den nationalen Outdoor-Meeschterschaften um CNT zu Esch d'Championstitelen am Tennis geséchert.
Bei den Dammen huet sech d'Laura Correia an der Finall mat 6:3 a 6:0 géint d'Shelly Gerber duerchgesat. Bei den Hären huet de Metti Reiter d'Finall mat 6:3 a 6:2 géint de Christophe Tholl gewonnen.