Och dëst Joer kéint nees déi eng oder aner Goldmedail dobäi sinn, virun allem wann een de staarke Kader bei den Häre kuckt.
De Kader huet nämlech Qualitéit. Vill Spiller si säit Joren an der Bundesliga aktiv a bréngen eng grouss Erfarung mat. Esou wéi de Christian Junk, deen net méi deen däitschen, mee de lëtzebuergeschen Trikot undeet. Net manner wéi 11 Weltmeeschtertitele stinn a sengem Palmarès. E puer dovun huet hien zu Langenfeld gefeiert, do wou an e puer Wochen nees d'Weltmeeschterschaft gespillt gëtt.
De Christian Junk: "Et gëtt natierlech schwiereg géint Däitschland, mee Langefeld kennen ech gutt. Ech hunn 2014 do scho Weltmeeschterschafte gespillt, 2019 och. Ech hunn do mäi Weltrekord an der U24 gespillt. Also d'Bunne kennen ech.”
Bei am Ganzen 12 Natiounen, déi mat um Depart sinn, huet de Lëtzebuerger Staf awer net nëmmen Däitschland am Bléck.
De Patrick Molitor, Trainer vun der Nationalekipp; "Vergiessen däerf een natierlech d'Brasilianer net an do musse mer och kucke wien d'Fransousen an d'Course schécken an natierlech och d'Belsch si geféierlech.”
Fir eng Spillerin ginn et déi lescht Weltmeeschterschaften. D’Mandy Parracho wäert no dëser Editioun e Stréch ënnert hir international Karriär zéien. Mat véier Weltmeeschtertitele gehéiert si zu de beschte Lëtzebuerger Keelespillerinnen, déi jeemools bei enger WM dobäi waren.
"Et ass ganz komesch fir mech. Ech war laang net prett dofir. Virun dräi Jore mierken ech, dass ech deen héijen Niveau net méi hale kann, well ech leider MS (Multiple Sklerose) hunn. Et ass och zum Beispill e Land dobäi, wou ech nëmmen op enger WM gesinn, dat ass Brasilien. Ech wéilt gäre perséinlech Äddi soen. Et ass ganz schwéier fir mech.”
Eng aner Fro, déi sech stellt: Wéini gëtt et nees eng Weltmeeschterschaft zu Lëtzebuerg? Zanter 2012 war dat net méi de Fall. Wéinst engem Punktesystem, deen de Weltverband agefouert huet, war d'Federatioun net mat enger Organisatioun averstan. Zu Langenfeld gëtt dëse System net applizéiert. Eppes, wat d'FLQ ausdrécklech begréisst.
De Jean-Marc Hoffmann, Vize-President vun der Keelefederatioun: "Dat ass genau dee Schratt. Mir hätte gären, dass et erëm op jiddereen ukënnt, dass déi Leit mat de meeschte Keele wannen. Wat mir net wëllen - obwuel mir et och schonn hu misse maachen - dass taktéiert gëtt, dass een niewendrun op enger Bunn, engem Ekippier kann hëllefen. Et soll einfach dee Beschte wannen, an dat ass eis Iwwerzeegung. Ech si ganz optimistesch, dass elo nees alles an déi richteg Richtung geet. Wa mir eng Ufro stellen, fir eng WM wëllen ze organiséieren, kréie mir och nees eng op Lëtzebuerg.”
Encadréiert gëtt d'Ekipp vum Patrick Molitor, Uwe Jacoby a Steve Blasen, en Numm, deen an der Keelenzeen e Begrëff ass. Iwwer méi wéi zéng Joer war de Steve Blasen de beschte Spiller op der Welt. Seng Roll als Trainer war och ee vun de Grënn, firwat de Christian Junk d'Land wiessele wollt.
Deemno fiert eng Ekipp mat Erfarung, Talent a groussen Zieler op Langenfeld, wou Lëtzebuerg nees op der Weltbün iwwerzeege wëll.
