Liichtathletik: Championnat des jeunesIwwer 1000 Meter gouf et en neien nationale Rekord

Bern Thill
D'Maxime Libens-Thein huet an hire Kategorien eng gutt Performance gewisen.
Iwwer 1000 Meter gouf et en neie Rekord vum Maxime Libens-Thein.

Déi meescht vun de jonken Athleten an Athletinnen, aus de Kategorien U14 an U16, déi selektionéiert goufe fir géint Alterskolleegen aus Frankräich an Däitschland unzetrieden, hunn haut hier éischt international Erfarunge gesammelt.

Déi Verantwortlech vun der Federatioun erwaarden sech och dass duerch esou Kompetitiounen d’Motivatioun klëmmt. D’Liichtathletik ass virun allem eng individuell Sportaart. Heiansdo kennt och de Kollektiv mat an d’Spill. Dat war haut de Fall. Bei dësem Meeting ginn et fir gutt Placéierunge Punkten. Zum Schluss gewënnt déi Selektioun mat de meeschte Punkten. Och an der Staffel spillt de Kollektiv an den Ekippegeescht eng Roll.

An dësen Alterskategorië stieche verschidde jonk Athleten an Athletinnen eraus. Dat ass virun allem de Fall vum Maxim Libens-Thein, D’ Athletin vun der Fola brécht ee Rekord no deem aneren, dat och a méi héije Kategorien. Am Alter vun 11 Joer, hat d’Athletin esou guer en inoffizielle Weltrekord opgestallt.

Och um Samschdeg huet d’Folasathletin d’Konkurrenz dominéiert, a brécht de Nationalrekord, op den 1000 Meter vun de Minimes, Scolaires a Cadettes. An dobäi sinn d’1000 Meter net emol d’ Liblingsdistanz. Déi 13-Järeg Mëttelstreckeleeferin war vun Ufank un un der Spëtzt an huet zum Schluss nach praktesch all d’Leeferinnen iwwerronnt an esou huet sie missen e puer Meter méi lafen. Un der Konkurrenz feelt et der jonker Athletin, hei am Land an och an der Groussregioun. Dofir hellt d’Libens-Thein och u staark besate Course am Ausland Deel wéi an Nordirland oder der Schwäiz. Esou Talenter mussen natierlech mat vill Fangerspëtze Gefill a Kompetenz fir d’Zukunft opgebaut ginn.

Back to Top
CIM LOGO