Bis e SonndegD'Yonex Badminton Open an der Coque

Bern Thill
Bis e Sonndeg leeft an der Coque déi 6. Editioun vun de Yonex Badminton Open.
D'Badminton Luxembourg Open an der Coque
Bis e Sonndeg leeft an der Coque déi 6. Editioun vun de Yonex Badminton Open.

Wärend 5 Editiounen huet d’Lëtzebuerger Badminton-Federatioun et fäerdeg bruecht, eng zolidd international Renommée opzebauen. Si roue sech awer net op hire Lorberen aus. Besonnesch um Programm gouf gefeilt. 20 Leit suergen derfir, dass mat Fotoen, Videoen an Interviewen den Turnéier an de soziale Medie present ass.

Eng alldeeglech Zeitung an digitaler a an analoger Form vun 20 Säite stéisst op positiv Echoen. En Donneschdeg goung dann e School Day iwwert d’Bün an Zesummenaarbecht mat der Lasel.

Och d’Spiller vun de klenge Länner schwiewen de Responsabelen am Hannerkapp. Den éischte Kontakt an deem Kontext war e Freideg mam Raymond Conzemius, dem Techneschen Direkter vum COSL.

An 3 Joer heescht et dann och sportlech performant ze sinn oder ze bleiwen. An do ass am Ament de Jérôme Pauquet gutt ënnerwee. Hien ass Sportzaldot, spillt zu Saarbrécken a reest duerch d’Welt, fir Erfarungen a Punkten op internationalen Turnéieren ze sammelen. Mam Collin Filimom hat hien eng haart Noss geroden. Am 1. Saz krut de Jérome kee Fouss op de Buedem géint den Ugrëffsspiller, deen zu Paräis op den Olympesche Spiller fir Éisträich gespillt hat. Den 2. Saz war du fir de Jérôme. Den 3. Saz, an esou de Match, gouf vum Filimom gewonnen.

Virun engem Joer war den Dubbel Feltes/Sinico gutt ënnerwee. En Achillesseene-Rëss vum Yannick huet hinnen dunn awer e Stréch duerch hier international Ambitioune gemaach,

Géint den hollänneschen Duo Kros/Van Buiten huet de lëtzebuergeschen Dubbel an 2 Sätz de Kierzere gezunn. An Zukunft wäert de Yannick de Schwéierpunkt op den Dubbel zesumme mam Jérôme Pauquet leeën.

E Samschdeg an de Sonndeg geet et da viru mam Badminton-Turnéier, op deem 117 Benevoller insgesamt wärend 5.000 Stonnen am Asaz sinn.

Back to Top
CIM LOGO