Haut virun 30 JoerBommenuschlag op d'Olympesch Spiller zu Atlanta

Tom Nols
Am Centennial Olympic Park war eng selwer gebaute Bomm aus der Distanz gezünt ginn. De radikalen Eenzeltäter konnt réischt 7 Joer méi spéit gefaasst ginn.
Am Centennial Park zu Atlanta war eng selwer gebaute Bomm explodéiert
Am Centennial Park zu Atlanta war eng selwer gebaute Bomm explodéiert
© GERO BRELOER/AFP

100 Joer no den éischte moderne Summerspiller a Griicheland war Olympia an der Haaptstad vum US-Bundesstaat Georgia zu Gaascht. Onvergiess, wéi de Muhammad Ali bei der feierlecher Ouverture, gezeechent vu senger Krankheet, d'Olympescht Feier ugefaangen hat. Kritik, datt d'Spiller iwwer-kommerzialiséiert wieren an dass een den Event eigentlech hätt missen un Athen ginn, déi sech och fir d'Ausriichte gemellt haten, war present, gouf awer iwwerstraalt vun der Stëmmung an de bekannten Athleten, wéi André Agassi, Marie-Jo Perec, Michael Johnson, Franziska van Almsick, Alexander Popov a Carl Lewis. Lëtzebuerg war duerch déi 6 Athlete Mariette Schmit, Igor Muller, Véronique Linster, Armand Dousemont, Iris Kremer-Roseneck an Anne Kremer vertrueden.

Explosioun am Centennial Park

De 27. Juli, um 9. Dag vun de Spiller, koum et owes spéit am Centennial Park, deen extra gebaut gi war fir Visiteuren z'empfänken an op verschiddenst Manéieren z'ënnerhalen, zu enger Explosioun. Ënnert enger Bänk, direkt nieft engem Tuerm mat Lautsprecher, hat en onbekannten Täter en 18 Kilo schwéiere Sprengsaz placéiert, deen aus dräi Rouerbomme bestanen hat, déi ënnert anerem mat Neel gefëllt waren. De Sécherheetsmann Richard Jewell hat de verdächtege Rucksak entdeckt an doropshin den Georgia Bureau of Investigation ugeruff. 9 Minutten dono hat hien den Noutruff 911 gewielt, fir seng Meldung duerch ze ginn. Uschléissend hat den Jewell, wärend engem Concert am Park, mat Aarbechtskolleegen eng Evakuatioun initiéiert, fir de Wee fräi ze maache fir Spezialisten, déi de Rucksak ënnersiche sollten. An anere Quellen heescht et, 18 Minutte virun der Detonatioun wier den FBI an d'Bild gesat ginn, dass eng Persoun iwwer den Noutruff 911 gemellt hat, bannent 30 Minutte géing um Site vum Park eng Bomm an d'Luucht goen.

D'Onglécksplaz um Dag no der Explosioun
D'Onglécksplaz um Dag no der Explosioun
© DIMITRI MESSINIS / AFP

Eng Spezialunitéit war op d'Plaz geruff ginn, fir de Rucksak z'ënnersichen. Ronn dräi Minutte méi spéit waren d'Bommen aus der Distanz via Telecommande gezünt ginn. Eng 44 Joer al US-Amerikanerin war dout op der Plaz, nodeems si vun engem Nol aus der Bomm um Kapp blesséiert gi war. Hir 14 Joer al Duechter sollt schwéier verletzt an d'Klinik kommen. En tierkesche Kameramann, deen a verschiddene Krichsgebidder am Asaz war, hat um Wee op d'Onglécksplaz eng déidlech Häerzattack erlidden. Am Ganze waren 111 Persounen duerch den Uschlag, deels uerg, blesséiert ginn. E Korrespondent vun der italieenescher RAI hat als Éischten d'Attentat gemellt. Aus kuerzer Distanz hat en Tourist zoufällegerweis d'Explosioun gefilmt an d'Geräisch war spéider an engem Interview ze héieren, deen d'ARD wärend der Detonatioun mat enger US-amerikanescher Schwëmmerin an engem noen Hotel opgeholl hat.

Reaktiounen a Verdächtegungen

An enger éischter Reaktioun hat den deemolegen US-President Bill Clinton vun engem "evil act of terror" geschwat an dass alles géing ënnerholl ginn, fir déi Responsabel ze fannen. Offizieller a Sportler waren, trotz dem Ongléck, der Meenung, dass d'Spiller sollte weidergoen. Nodeems ugangs wéineg valabel Indicen hate kënne presentéiert ginn, zwee jonk Suspekter ware séier rëm entlooss ginn, war de Richard Jewell op eemol als méigleche Verdächtegen an d'Viséier vun de Medie geroden. Dem Sécherheetsmann gouf ënnerstallt, hien hätt wëllen den Held spillen a kritesch Wierder vu sengem fréieren Employeur haten dono weider Ueleg an d'Feier gehäit. Offiziell war den Jewell ni beschëllegt gi vun den Autoritéiten, et sollt awer zu enger Rei zivillen Ukloe kommen an d'Press stoung wochelaang viru senger Hausdier. Den FBI hat och zweemol säin Doheem duerchsicht.

Dräi Deeg nom Uschlag war de Park rëm opgaangen a Blummen néiergeluecht ginn
Dräi Deeg nom Uschlag war de Park rëm opgaangen a Blummen néiergeluecht ginn
© DIMITRI MESSINIS / AFP

Ouni weider Verdächteger waren d'Ënnersichungen un d'Stocke geroden, bis am Fréijoer 1997 an der Géigend vun Atlanta kuerz noeneen zwou Bommen explodéiert waren. Wéineg méi spéit war et nach e weideren, änlechen Uschlag op eng Klinik fir Schwangerschaftsofbroch, dee fir een Doudegen an ee Schwéierblesséierte gesuergt hat. Déi Kéier war et der Police gelongen, konkret Hiweiser op e Verdächtegen ze sécheren. En Deel vun enger Autosplack konnt ermëttelt ginn an et sollt sech erausstellen, dass alle véier Bommen no deem selwechte Schema gebaut gi waren. Ee gewëssen Eric Rudolph sollt doropshin an d'Viséier vun den Autoritéite geroden. Een 29 Joer alen Handwierker, dee vun der US Army entlooss gi war a sech verschiddene chrëschtlech-extreemen Organisatiounen ugeschloss hat.

Festnam a Verurteelung

Den Eric Rudolph hat sech méi wéi 5 Joer laang virun den Autoritéite verstoppe kënnen. An där Zäit stoung hien op der FBI-Lëscht vun den 10 meeschtgesichten Terroristen am Land, op säi Kapp war eng Millioun Dollar ausgesat gewiescht. Schlussendlech gouf hien den 31. Mee 2003 am North Carolina moies fréi vun engem jonke Polizist hannert engem Supermarché festgeholl, well dee gemengt hat, en hätt mat engem Abriecher ze di gehat. Zwee Joer méi spéit huet den Attentäter sech an alle véier Fäll fir schëlleg befonnt, fir der Doudesstrof z'entgoen. Hie krut doropshi véiermol Liewenslänglech an engem Héichsécherheetsprisong am Colorado.

Landeswäit war nom Eric Rudolph gesicht ginn
Landeswäit war nom Eric Rudolph gesicht ginn
© FBI / AFP

Dem Rudolph seng Justifikatioun fir d'Uschléi hat engem politesche Manifest geglach. Dem Extremist war "de globale Sozialismus, deen ënnert der Protektioun vum Regimm zu Washington bei den Olympesche Spiller vu Millioune Leit gefeiert gi war, en Dar am A." Ausserdeem war hien, duerch seng reliéis Haltungen, géint den deemools nach bundeswäit legale Schwangerschaftsofbroch a praktizéiert Homosexualitéit. Säi Plang war et gewiescht, dass d'Spiller ofgebrach ginn oder dass op d'mannst esou vill Onsécherheet géing ausbriechen, dass d'Spectateure léiwer wéilten doheem bleiwen. Donieft sollt d'Regierung zu Washington virun der ganzer Welt blaméiert ginn.

Nowéien

Den Eric Rudolph sëtzt nach ëmmer 23 Stonnen den Dag an enger eenzeler Zell. Eng Demande, seng Strof ze verkierzen, war 2021 refuséiert ginn. 2013 hat hien e Buch geschriwwen, dat op der Internetsäit vun enger Terrororganisatioun nach ëmmer verkaaft gëtt. Seng 200 Dollar, déi de Rudolph fir d'Schreiwe vu senge Memoirë kritt hat, ware vum Procureur d'État beschlagnaamt ginn, well hien dem Staat Alabama eng Millioun Dollar Reparatioune schëlleg ass. Aufsätz vun him iwwer d'Toleréiere vu Gewalt a militanten Aktiounen, déi hien am Prisong geschriwwen huet, si vu radikale Memberen am Netz verëffentlecht ginn. Aner Ënnerstëtzer schécken him Geld a Bicher zou.

Eng Zeen aus dem Clint Eastwood sengem Film "Richard Jewell"
Eng Zeen aus dem Clint Eastwood sengem Film "Richard Jewell"
© CLAIRE FOLGER / COLLECTION CHRISTOPHEL VIA AFP

Nodeems de Sécherheetsmann Richard Jewell ëffentlech retabléiert war, hat hien eng Rei Medienhaiser viru Geriicht geholl an op Schuedenersatz verklot. Réischt Mëtt 2012 war am Appell festgehale ginn, dass d'Zeitungen deemools richteg beriicht haten, dass hien zu de Verdächtege gezielt hat. Do war den Jewell awer well längst dout. Hie war 2007 un de Suitte vun enger Diabetes-Erkrankung gestuerwen. Enn 2019 hat de Clint Eastwood e biografesche Film erausbruecht, an deem dem Richard Jewell seng Geschicht erzielt gëtt. Donieft hat d'Tëleesserie "Manhunt" de Fall 2020 och nach emol opgegraff.

Back to Top
CIM LOGO