Nächste Weltrekord am StafhéichsprongArmand Duplantis iwwerspréngt 6,31 Meter

Tom Nols
De schweedesche Superstar huet zu Uppsala fir déi 15. Kéier de Weltrekord am Stafhéichsprong gebrach.
D'Lat läit elo op 6,31 Meter
An der Hal ass de “Mondo” neie Weltrekord gesprongen
© FREDRIK PERSSON/TT News Agency via AFP

Den Armand “Mondo” Duplantis huet bei sech zu Uppsala a Schweden säi 15. Weltrekord am Stafhéichsprong opgestallt. Beim “Mondo Classic”, engem World Athletics Indoor Tour Silver Meeting, ass hien en Donneschdeg den Owend am éischte Versuch iwwer 6,31 Meter gesprongen.

De schweedeschen Topstar war just véiermol gesprongen. Iwwer 5,65 Meter, 5,90 Meter a 6,08 Meter, all Kéiers am éischte Versuch. An och de Sprong iwwer d’Weltrekord-Héicht vu 6,31 Meter war an enger Kéier erleedegt.

Et ass déi zweete Kéier, dass den Duplantis op schweedeschem Buedem de Weltrekord brécht, elo déi éischte Kéier an der Hal.

Back to Top
CIM LOGO