Tëscht dem 15. an dem 18. Oktober ass et déi fënneften Editioun vum "Luxembourg Ladies Tennis Masters". En Dënschdeg sinn déi éischt Spillerinnen an de Programm presentéiert ginn. Schonns no hirer Victoire zejoert hat d’Angelique Kerber ugekënnegt, dass si erëmkomme géing, fir hiren Titel ze verdeedegen. Dat Verspriechen huet déi fréier Nummer 1 agehalen an doriwwer géif ee sech extrem freeën, sou d'Direktesch vum Turnéier Dan Maas.
Nieft der dräifacher Grand-Slam-Gewënnerin wäerten och d’Dominika Cibulkova, fréier Nummer 4 an d’Yanina Wickmayer, fréier Nummer 12 vun der Welt, mat vun der Partie sinn.
Nieft dem Tennis gëtt et dëst Joer och nees de "Let’s Talk". Eng Table Ronde, wou iwwert Sport, Show a Business, souwéi Chancëgläichheet geschwat gëtt. Dat mat ënnert anerem dem Anne Kremer an dem Tatortkommissar Richy Muller. Ganz nei dëst Joer dann och de "PRO-AM", bei deem d’Daniela Hantuchova mat enger weiderer WTA-Spillerin, déi nach net fest steet, souwéi auserwielte Gäscht zesumme wäerte spillen.
Deemno dierf ee gespaant sinn, wéi eng Spillerinnen am Oktober dann nieft Kerber, Cibulkova a Wickmayer an der Coque mat dobäi wäerte sinn.