
Am Schreiwes huet déi Lëtzebuerger Judo Federatioun weider ënnerstrach, datt dëse Posten e wichtege Schrëtt a Saache Strukturéierung a Professionaliséierung fir d'Entwécklung vum Judo am Grand-Duché ass. Den neie Generaldirekter iwwerhëlt d'Leedung vun all den Aktivitéite vun der Federatioun an ass responsabel fir 13 Mataarbechter.
Gläichzäiteg huet de Verband dem Sportsministère an dem Institut National de l’Activité Physique et des Sports (INAPS) Merci gesot, déi d'Federatioun bei dësem Schratt begleet hunn.
Den Alexis Landais war an der Vergaangenheet ënner anerem bei der Schwäizer Judo a Ju-Jitsu Federatioun aktiv. Donieft war hie selwer als Athlet Deel vun der franséischer Nationalekipp an huet de sechsten Dan, eng vun den héchsten Auszeechnungen am Judo.