French OpenAlexander Zverev a Flavio Cobolli an der Finall vun de French Open

Tom Nols
Déi däitsch Nummer 3 an der Weltranglëscht huet sech a 4 Sätz géint de Jakub Mensik duerchgesat. Säi Géigner an der Finall ass duerch e Forfait vum Matteo Arnaldi de Flavio Cobolli.
© AFP (Archiv)

Den Alexander Zverev steet erëm an der Finall vun de French Open. Den Däitschen, deen aktuell op Plaz 3 an der Weltranglëscht steet, huet sech a 4 Sätz 7:5, 6:2, 3:6 a 6-3 géint de Jakub Mensik duerchgesat.

E Sonndeg ass et dem Zverev seng 4. Finall vun engem Grand-Slam-Tournoi. 2020 hat hien op den US Open verluer, 2024 war et eng Néierlag zu Paräis an och d'Australien Open 2025 hat hien net kënne gewannen. Säi Géigner op de French Open gëtt de Flavio Cobolli. Den Italieener huet sech fir d'Finall qualifizéiert, ouni ze spillen, dat well säi Landsmann Matteo Arnaldi am viraus wéinst engem Virus Forfait erkläre misst.

Back to Top
CIM LOGO