Beim Rapencross zu Lokeren an der Belsch ass d'Marie Schreiber e Samschdeg de Mëtteg op déi 4. Plaz gefuer. D'Lëtzebuerger Championne hat op der Arrivée e Retard vun 1 Minutt a 27 Sekonnen op d'Sara Casasola, déi d'Course konnt gewannen.
Déi italieenesch Championne huet de Cross dominéiert a sech Mëtt der Course vun den zwou Hollännerinne Lucinda Brand a Ceylin Alvarado ofgesat, fir souverän ze gewannen. Déi 2. Plaz war fir d'Weltmeeschterin Lucinda Brand, si hat e Retard vun 41 Sekonnen. D'Ceylin Alvarado hat als 3. e Retard vun 1 Minutt a 7 Sekonnen. D'Liv Wenzel war zu Lokeren och um Depart, ass d'Course awer net op en Enn gefuer. Et war den éischte Cross fir d'Marie Schreiber zanter der Europameeschterschaft de 7. November.
Et war eng relativ gutt Course, ech hat no der EM e puer Deeg Paus a war ech och nach e bësse krank, dat heescht, ech hu bei Wäitem net sou vill trainéiert wéi ech wollt oder hätt sollen. Wann de Kierper net matmécht, dann huet ee besser, e bësse Paus ze maachen. Ech hat elo net sou vill Training dës Woch, dowéinst ass eng 4. Plaz wierklech nach gutt. Ech war bis e Mëttwoch nach krank an, logescherweis, verléiert ee bësse Form no engem Peak, dowéinst léisst sech dat hei gutt weisen an et ass gutt fir lo déi nächst Woch erëm dorop opzebauen.
Nächst Woch ginn d'Weltcup-Courssen un, do fueren ech net op d'Generalklassement, well ech se och net all fueren. Ech hu mir de Parcours vun Ostrava nach net ugekuckt. Dat ass en neie Cross, dat fannen ech ëmmer flott. Et ka sinn, datt do Schnéi läit oder et richteg kal a gefruer ass, dat ass dann och interessant.
Nächste Weekend stinn an Tschechien zu Ostrava an Tabor déi zwee éischt Weltcup-Crosse vun der Saison um Programm.