TriathlonLëtzebuerger Sebastian Ziekman ass Junior-Europameeschter, 5. Plaz fir Linda Krombach

Charel Meyers
Den 18 Joer ale Sebastian Ziekman konnt sech zu Elblag a Polen bei de Junioren duerchsetzen. D'Linda Krombach ass bei de Junior-Dammen dat 5. ginn.

De Lëtzebuerger Sebastian Ziekman huet sech e Freidegmoie bei den 2026 Europe Triathlon Sprint and Relay Championships am polneschen Elbag den Europameeschtertitel bei de Juniore geséchert. An der Course iwwer 750 Meter Schwammen, 20 Kilometer Vëlo a 5 Kilometer Lafe war den 18 Joer ale Lëtzebuerger Triathleet mat engem Chrono vu 55 Minutten a 47 Sekonne als Éischten op der Arrivée ukomm. Hannendrun hu sech de Britt Lucas Gorrill mat engem Retard vun néng Sekonnen an den Éisträicher Jelle Kaindl d'Plazen Zwee an Dräi geholl.

Fir de Sebastian Ziekman ass dës Victoire no senger 2. Plaz beim Europe Triathlon Junior Cup zu Wels virun engem Mount säi gréisste Succès.

Virdru gouf et bei der Course vun de Junior-Dammen dann nach eng 5. Plaz fir d'Lëtzebuerger Triathleetin Linda Krombach. D'Victoire war hei fir d'Anouk Danna aus der Schwäiz.

Back to Top
CIM LOGO