
De Yamashita, deen 1984 olympesche Champion an 1979 an 1983 Weltmeeschter am Judo ginn ass, huet gesot, dass wéinst der Pandemie vum Coronavirus, d'Olympesch Spiller, déi dëst Joer sollte sinn an op 2021 verréckelt goufen, kéinten op eng vereinfacht Manéier organiséiert ginn.
Olympesch Spiller goufe soss ëmmer extravagant organiséiert, mä dat kéint sech d'nächst Joer änneren, well dann d'Sécherheet d'Prioritéit wier.
Hien huet och zouginn, dass d'Corona-Kris de japaneschen Olympiacomité finanziell och staark géing bedrécken, an dass d'Méiglechkeet géing bestoen, dass si misste Sue léinen, fir esou een Event kënnen ze organiséieren.