
An deene leschte Joren huet een eis belsch Nopere bei all groussem Turnéier entweder zu de Favoritten oder zu de Geheim-Favoritten op en Titel gezielt. 2018 koum een op der WM a Russland op déi 3. Plaz. 4 Joer virdru war a Brasilien an der Véierelsfinall Schluss. D'Zäit vun der gëllener Generatioun ronderëm beispillsweis den Eden Hazard an de Vincent Kompany ass quasi eriwwer. Zwar si mam Kevin De Bruyne an dem Thibaut Courtois nach zwee grouss Stare vun deemools am Kader, allerdéngs heeschen déi grouss Nimm hautzedaags éischter Jérémy Doku, Youri Tielemans oder Leandro Trossard.
Virun allem der Defense feelt et der belscher Nationalekipp un der néideger Erfarung um allerhéchsten Niveau. De Kapitän vun de Roude Léiwen, Laurent Jans, kennt de belsche Futtball duerch seng Zäit beim SK Beveren, mat deem hien dës Saison als ongeschloene Champion an déi 1. belsch Divisioun opgestigen ass. Seng belsch Co-Equipiere sinn en Vue vun der Weltmeeschterschaft net sou optimistesch.
"Bei eis am Vestiär zu Beveren si meng belsch Kolleegen éischter pessimistesch agestallt, well si einfach fannen, datt si defensiv net stabil genuch sinn, datt si zwar schonn offensiv Qualitéit hunn, mee datt et defensiv villäicht méi schwiereg kéint ginn. Ech géif scho soen, datt si hire Grupp wäerte packen an dann duerno kënnt et wierklech och e bëssen op d'Gléck un. Mee soss generell an der Belsch hunn ech schonn net esou vill matkritt iwwert d'WM, muss ech jo éierlech soen."
Sech ëm déi éischt Plaz am Grupp G streide muss sech d'Belsch warscheinlech mat Ägypten. De grousse Star vun der Ekipp heescht natierlech Mohamed Salah, dee bis dëse Summer beim FC Liverpool ënner Kontrakt stoung. Mam Omar Marmoush vu Manchester City hunn d'Ägypter e weidere staarken Offensiv-Spiller am Kader. No der 4. Plaz beim Afrika-Cup, deen elo am Januar dëst Joer op en Enn goung, wëlle Salah, Marmoush a Co. sécherlech op d'mannst an d'Aachtelsfinall. An dat traut de Laurent Jans hinnen och zou.
"Si sinn am Grupp no de Belsch a mengen Aen de Favorit. Par rapport zum Iran an Neiséiland muss Ägypten kloer weiderkommen. Donieft komme jo och eng Partie bescht Drëttplacéierter weider."
Den Iran huet sech zwar fir d'Weltmeeschterschaft an den USA, Kanada a Mexiko qualifizéiert, mee nach ass onkloer, ob d'Iraner och untrieden. Wéinst dem militäresche Konflikt mat den USA stoung fir d'éischt e Boykott am Raum. Zwou Woche virum Optakt vun der WM feelt den iranesche Spiller de Visum fir an d'USA an a Mexiko kënnen anzereesen. Der iranesche Federatioun no huet een en offiziellt Schreiwes un de Weltfuttballverband FIFA geschéckt, bis ewell hätt een awer nach keng Äntwert kritt.