
Am Dëschtennis huet sech d'Lëtzebuerger Koppel Luka Mladenovic / Maël Van Dessel iwwerraschend fir d'Dubbel-Finall beim WTT-Contender-Tournoi zu Istanbul an der Tierkei qualifizéiert. Si hu sech an der Halleffinall mat 3:0 géint d'Koreaner Kang Dongsoo a Lim Yunoh duerchgesat.
An engem enken éischte Saz louchen d'Lëtzebuerger schonn 2:6 a Réckstand, mat véier Punkten um Stéck hu si sech awer zréckgekämpft. Zum Schluss hu si dunn nach zwee Sazbäll ofgewiert a sech mat 13:11 duerchgesat.
An de Sätz 2 an 3 war géint Mladenovic a Van Dessel kee Kraut méi gewuess, soudass si sech mat 11:6 an 11:7 behaapte konnten.
An der Finall spillen d'Lëtzebuerger um Sonnde géint déi russesch Koppel Nikita Artemenko/Maksim Grebnev, déi bei dësem Tournoi ob Nummer 1 gesat sinn.