Äntwert op Fro zum Iran-KrichTrump mécht de Geck mat Japan wéinst Pearl Harbor

RTL Lëtzebuerg
Den US-President huet sech en Donneschdeg mat der japanescher Premierministesch getraff, wéi hie sot: "Wie weess besser iwwer Iwwerraschunge Bescheed wéi Japan?"
Trump mécht no Fro zu Iran-Krich de Geck mat Japan wéinst Pearl Harbor
Den US-President huet sech en Donneschdeg mat der japanescher Premierministesch getraff, wéi hie sot: “Wie weess besser iwwer Iwwerraschunge Bescheed wéi Japan?

Beim Treffe mat der japanescher Premierministesch Sanae Takaichi en Donneschdeg am Oval Office konnt den US-President net widderstoen, mat Japan de Geck wéinst der Attack op Pearl Harbor am Joer 1941 wärend dem Zweete Weltkrich ze maachen.

No enger Rei Froen zum aktuelle Konflikt am Iran gouf den Donald Trump vun engem japanesche Reporter gefrot, firwat d’USA hiren “Alliéierten an Europa, Asien a Japan näischt vum Krich erzielt hunn, éier si den Iran ugegraff hunn”. Doropshin huet den US-President geäntwert: “Et wëll een esou eppes net ze vill ukënnegen, wësst Dir. Wéi mir amarschéiert sinn, si mir immens haart virgaangen an hu kengem eppes dovu gesot, well mir fir eng Iwwerraschung suerge wollten. Wie weess besser iwwer Iwwerraschunge Bescheed ewéi Japan?” Doropshin hunn d’Leit zwar ugefaange mat Laachen, ma den US-President war nach net fäerdeg: “Firwat hutt Dir mir näischt vu Pearl Harbor erzielt?” Net just der japanescher Premierministesch huet een doropshin de Schock doriwwer ugesinn, datt den Donald Trump dee Moment mat eragezunn huet, duerch deen d’USA an den Zweete Weltkrich gezu goufen.

Bei der japanescher Attack op den US-Militärstëtzpunkt zu Pearl Harbor op Hawaii de 7. Dezember 1941 sinn 2.390 Amerikaner ëm d’Liewe komm. D’USA hunn doropshin den nächsten Dag Japan de Krich erkläert. Den deemolege President Franklin D. Roosevelt huet deen Dag als “en Datum, deen a Schan liewe wäert”. Am August 1945 hunn d’Amerikaner géint Japan gewonnen, nodeems si mat Atombommen op Hiroshima an Nagasaki Honnertdausenden Zivilisten ëmbruecht haten.

Et war net deen éischte peinleche Moment am Bezuch op de Krich. Wéi den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz d’lescht Joer de 6. Juni den D-Day ugeschwat hat, huet den Trump geäntwert, datt dat “keen angeneemen Dag” fir de Kanzler wier.

Back to Top
CIM LOGO