Als "Mister Gesondheet" bekanntDen Hademar Bankhofer ass mat 84 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Joerzéngtelaang war hien op der däitscher an éisträichescher Tëlee den Expert fir Gesondheetsfroen. De Journalist an Auteur wier friddlech entschlof, esou säi Bouf op de Soziale Medien.
De fréieren RTL-Mataarbechter Hademar Bankhofer ass dout
© RTL

Op der Tëlee, an Artikelen an a sëllege Bicher huet den Hademar Bankhofer iwwer Joerzéngten ewech Tipps gi fir eng gesond Ernärung, natierlech Medikamenter oder Hausmëttelen. Wéi ee mat schwierege Sujeten ëmgeet, hätt hie sech ënnert anerem vum Rudi Carrell ofgekuckt gehat, sou dem Bankhofer säi Management an engem Statement. “Wëlls de Succès hunn, schreif wéi e Showmaster schwätzt”, soll den hollänneschen Entertainer him eng Kéier geroden hunn.

Den Hademar Bankhofer hätt senger Fra hir Hand gehalen, wéi hie friddlech entschlof wier, sou säi Jong Hademar “Hadschi” Bankhofer junior op de Soziale Medien. Hien hätt esou laang wéi méiglech wëlle liewen, mee wier elo ganz douce un Altersschwächt gestuerwen.

An den 1980er Joren hat de Bankhofer ënnert anerem d’Gesondheetsredaktioun bei Radio Luxemburg an der Emissioun “Guten Morgen, Deutschland!” opgebaut. Bis Ufank de 1990er war hien a méi wéi 200 Sendunge “Wie gehts?” a “Gut gehts!” bei RTLplus ze gesinn. Donieft hat hien och Optrëtter bei den Ëffentlech-Rechtlechen an Däitschland an an Éisträich. Wéinst presuméierter “Schleichwerbung” war de Bankhofer 2008 beim WDR entlooss ginn.

Back to Top
CIM LOGO