
Den Organisateuren no sinn 23 Aussteller aus Lëtzebuerg, der Belsch, Frankräich an Holland dobäi. Um Programm stinn ënner anerem e Pokémon-Tournoi, d'Méiglechkeet, Kaarten ze kafen, ze verkafen an ze tauschen, souwéi Iessen a Gedrénks.
D'Besonnescht un der Convention ass hire karitativen Zweck: De komplette Benefice gëtt un d'Minute Papillon ASBL gespent, déi Fraen a Familljen ënnerstëtzt, déi am Zesummenhang mat enger Maternitéit en Trauma erlieft hunn.
D'Convention ass den 19. September vun 9:00 bis 17:00 Auer an der 3, Rue Jean Anen zu Zolwer.
D'Entrée kascht 10 Euro, ab 16:00 Auer nach 5 Euro.
