Ronn 800 Kanner kréien dëse Weekend nees Titercher vum hellege Mann. Um Samschdeg ass d'Damplokomotiv mam Zuch zweemol tëscht Péiteng an dem Fond de Gras gefuer. Um Sonndeg sinn dräi Faarte virgesinn.
Ëmmer Enn Oktober kënnen d'Elteren hir Kanner umellen. Dëst Joer war bannent siwe Stonnen alles ausverkaaft.