Invité vun der Redaktioun (7. September) - Wolfram LeibeSuccès vun der AfD géing weisen, datt et bei der Migratioun eng méi differenzéiert Politik bräicht

Marc Hoscheid
E Méindeg de Moie waren d'Groussregioun an d'Walen a Sachsen-Anhalt Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Wolfram Leibe
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Et misst ee méi kloer tëscht deene Leit ënnerscheeden, déi bleiwen dierfen an deenen, déi dat net dierfen. Déi zweet Grupp misst ee méi séier zeréckschécken.

Bal 44 Prozent krut d'AfD e Sonndeg bei de Landtagswahlen a Sachsen-Anhalt a war domadder déi kloer Gewënnerin. Datt esou vill Leit eng Partei wielen, déi zu Deeler als geséchert rietsextrem agestuuft gëtt, kann den Tréierer Oberbürgermeister Wolfram Leibe net novollzéien, dat sot hien e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Déi aner Parteie wieren elo gefuerdert, fir eng méi differenzéiert Politik ze maachen.

Hie wier éischter rosen, wéi traureg iwwert d'Walresultat a Sachsen-Anhalt, esou den Tréierer Oberbürgermeister Wolfram Leibe. Hien hätt an der Zäit zu Dresden geschafft a kéint net novollzéien, datt d'Euphorie vun der däitscher Wiedervereinigung esou verflu wier. Een Thema, dat d'AfD ëmmer nees uschwätzt, sinn déi negativ Auswierkungen duerch d'Immigratioun, virop op d'Sécherheet an de Sozialstaat. Bei deem Thema missten déi aner Parteien dann och zu enger méi differenzéierter Politik fannen.

"Wir haben bei den Migranten Ärzte, Pflegekräfte, die brauchen wir und dann haben wir welche, die müssten wir schneller wieder zurückschicken. Diese Differenzierung, das ist eine Forderung an die Politik und die müssen wir konsequenter machen. Das andere ist die Sozialpolitik und bin ich an einem Punkt, wo ich hängen bleibe. Die AfD will die Sozialpolitik zurückfahren und die Menschen, die soziale Probleme haben, wählen die AfD."

Och aus der Wirtschaft wier ze héiere gewiescht, datt eng AfD-Regierung schlecht fir d'Land wier.

Fir elo mat dësem Walresultat ëmzegoen, wier net evident, normalerweis misst an enger Demokratie déi Partei mat de meeschte Stëmmen d'Recht hunn, ee Ministerpresident ze proposéieren. Allerdéngs hätt een an Däitschland mat den Nazien do och ganz schlecht Erfarunge gemaach. D'Gesellschaft wier elo an zwee Lagere gespléckt an et wier ganz schwéier, déi rëm beieneen ze kréien.

D'AfD steet och op Bundesniveau an den Ëmfroen op der éischter Plaz, wann och mat engem vill manner grousse Virsprong wéi a Sachsen-Anhalt. Mat Bléck op d'Europäesch Unioun wier et iwwerdeems eng Katastroph, wann d'AfD an Däitschland oder d'Marine Le Pen a Frankräich un d'Muecht kéim.

"Ich darf ja die deutschen Grossstädte auch in Brüssel vertreten und ich erlebe wie die Blockadehaltung ist jetzt schon durch die AfD, durch die Partei von Le Pen und Meloni spielt mit, aber auch dort gibt es im Hintergrund Leute, die die europäische Gemeinschaft blockieren wollen. Ich gehe auch viel Kritik an Europa an manchen Punkten mit aber es ist das beste, das wir jemals in der Geschichte hatten."

Déi grouss Länner géinge kloer am meeschten zum EU-Budget bäidroen an d'Sue wieren elo scho knapp. Wann eent vun deene Länner aus der Unioun austriede géing, wier also d'Existenz vun der EU a Gefor.

Dono gefrot, ob déi nei S-Bahn-Linn tëscht Tréier a Lëtzebuerg ee Succès ass, seet de Wolfram Leibe, dat wier ee super Projet, dee mat groussen Investitioune verbonne wier. Et bräicht awer e bëssi Zäit, bis d'Passagéier et unhuelen. Deen aktuelle Chantier op där Streck wier net optimal, géing awer näischt un deem positiven Androck änneren. Et bräicht an Zukunft méi esou Projeten.

E Méindeg de Moie waren d'Groussregioun an d'Walen a Sachsen-Anhalt Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO