SpideelerWeider Mesurë gi geholl, Operatioune verluecht, Urgencen zou

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem wäerten och elo d'Urgencen zu Nidderkuer, Diddeleng a Wolz zoubleiwen. D'Leit sollen op Esch respektiv op Ettelbréck goen.

D'Spidol zu Wolz wäert sech exklusiv ëm Patiente këmmeren, déi net vum Coronavirus betraff sinn. Haaptsächlech wieren hei eeler Leit ënnerbruecht, dowéinst wier den Accès an d'Spidol strikt reglementéiert.

Och de Chemgeet an d'Phase 2 vum Plan d'Organisation Interne. Esou ginn Nidderkuer an Diddeleng zougemaach an all d'Urgencen op Esch geleet. Weider ginn och déi geplangten Operatiounen an d'Consultatiounen agestallt, dat an deenen 3 Spideeler. Zu Nidderkuer an Diddeleng ginn déi Patienten, déi do hospitaliséiert sinn, natierlech weider behandelt. Och d'Visitte vun de Patiente sinn net méi erlaabt. D'Patiente ginn opgedeelt a Leit, déi eventuell vum Virus befall sinn an aner Urgencen. 34 Better goufe fräi gemaach, fir Leit mam Covid-19 kënnen z'isoléieren.

PDF: Schreiwes CHdN

Back to Top
CIM LOGO