"Refill Luxembourg"Wat ass aus der Petitioun iwwer Krunnewaasser a Restaurante ginn?

RTL Lëtzebuerg
Krunnewaasser muss och zu Lëtzebuerg an de Restauranten zerwéiert ginn.
"Refill Luxembourg"
Krunnewaasser muss och zu Lëtzebuerg an de Restauranten zerwéiert ginn.

Dat hat d'Associatioun "Refill Luxembourg" virun engem Joer an enger Petitioun gefuerdert.

Am Verglach zum Fläschewaasser wier dat vum Krunn däitlech méi ëmweltfrëndlech, well den Transport ewechfält.

D'Petitioun gouf deemools vun iwwer 5.000 Leit ënnerschriwwen a soll deemnächst och konkret Suittë kréien.

D'Iddi hannert der Petitioun war net, fir d'Waasser aus der Fläsch ze ersetzen, ma just e weideren Service ze offréieren.  Gratis misst et net sinn, d’Restaurateure kéinten de Präis vun der Karaffe selwer rechnen.

A verschiddene Länner verrechnen d’Restauranten jo Couverten respektiv de Service. Zu Lëtzebuerg hätten d’Clienten déi Gewunnecht net. D’Iddi fir eng Karaffe ze offréieren, egal op gratis oder eben net, kënnt bei de Leit dobausse gutt un.

An dem Kader si vum Ministère zwou Sensibiliséierungscampagne fir d’nächst Joer geplangt.  Engersäits wéilt een d’Krunnewaasser promovéieren, ma an enger zweeter Phas kéint ee sech och virstellen, de Restaurateuren e Set mat Karaffen ze offréieren.

Back to Top
CIM LOGO