"Droit à l’oubli"Wann eng vergaange Krankheet engem de Wee fir e Prêt verspäert

Monica Camposeo
Wien eng schwéier Krankheet hannert sech huet, riskéiert trotzdeem e Liewe laang dowéinst penaliséiert ze ginn. Zum Beispill am Fall vun enger Liewensversécherung oder engem Immobilieprêt.
Wann eng vergaange Krankheet engem de Wee fir e Prêt verspäert
Wien eng schwéier Krankheet hannert sech huet, riskéiert trotzdeem e Liewe laang dowéinst penaliséiert ze ginn. Zum Beispill am Fall vun enger Liewensversécheru

E Gesetzesprojet, fir den “Droit à l’oubli” ze verankeren, ass zwar schonn deposéiert. Mee bis ewell konnt eng Sur-Primm oder souguer e Refus bei enger Assurance solde restant dû den Dram vum Eegenheem beaflossen. D’Monica Camposeo huet eng Fra getraff, déi genee dat erlieft huet.

Droit à l’oubli / Reportage Monica Camposeo

Eng Liewertransplantatioun mat 16 Joer ass bei der Carine Marmann gutt verlaf. Relativ séier krut si gesot, dass si ganz normal liewe kéint, erkläert d’Mamm vun zwee Kanner.

D’Transplantatioun huet an hirem Liewen am Fong keng Roll méi gespillt, seet si. Bis si – 14 Joer duerno – kuerz no der Gebuert vun hirem éischte Kand mat hirem Mann en Haus kafe wollt. D’Demande fir eng Liewensversécherung an eng Assurance solde restant dû gëtt refuséiert. “Dat war wéi e Schlag an d’Gesicht.” Och well si déi ganz Zäit, also 14 Joer laang, guer keng Problemer hat a sech du bemol nees mat hirer Transplantatioun konfrontéiert gesinn huet.

Aktuell encadréiert eng Konventioun tëscht der Associatioun vun den Assurance-Gesellschaften ACA an dem Gesondheetsministère esou Demanden am Fall vun Immobiliekreditter. Den Droit à l’oubli gëllt hei awer just fir vereenzelt Krankheeten, ewéi de Kriibs, Hepatite an HIV. Transplantatioune falen zum Beispill net dorënner, dowéinst de Refus fir d’Carine Marmann.

E Gesetz ass ënnerwee

Fir den Droit à l’oubli gesetzlech ze verankeren, leien aktuell souwuel eng Proposition de loi vun der LSAP, wéi och e Projet de loi vu verschidde Ministère vir. Mam Gesetz géingen eng Rei Ännerunge kommen. Den Delai, wéi laang d’Krankheet muss hier sinn, gëtt vun 10 op 5 Joer reduzéiert. Crédits à la consommation sollen och dobäi kommen an zum Deel och nei Pathologien, erkläert d’Martine Hansen, Ministesch fir de Konsumenteschutz.

D’Lëscht vun de Pathologië gëtt an engem Réglement grand-ducal festgehalen, esou nach d’Santésministesch Martine Deprez. Déi Lëscht soll vu jidderengem kënne consultéiert an och flexibel vun den Autoritéiten adaptéiert ginn. Dowéinst ass ënnert anerem och d’ACA am Comité pour le droit à l’oubli vertrueden, esou wéi Fachleit aus der Medezin. Wichteg fir d’Assureure wier eng gutt Balance, esou de Marc Hengen, Direkter vun der ACA. De finanzielle Volet géing leider schonn eng Roll spillen, seet hien. Mee et wier een natierlech bereet, mam Fortschrëtt vun der Medezin mat ze goen. Dass elo e gesetzleche Kader geschafe gëtt, géing een an deem Sënn begréissen.

Och fir d’Carine Marmann ass d’Gesetz e wichtege Schrëtt. Fir si wier alles gutt ausgaangen, ma vill betraffe jonk Leit stéingen nach viru wichtegen Decisiounen. Dann ass een, der jonker Mamm no, op esou e Gesetz ugewisen.

Back to Top
CIM LOGO