Déi zweet Corona-Well ass zu Lëtzebuerg éischter ukomm, wéi ugangs geduecht. Wéi et am Hierscht weidergeet, ass trotz Zenarie vu Research Luxembourg natierlech nach net sécher. Den Direkter a Physiksproff vum Dikrecher Kolléisch, Marcel Kramer analyséiert zanter Ufank vun der Kris d'Covid-Zuelen hei am Land a publizéiert alternativ Graphiken a Projektiounen.
Fir seng Diagrammen a Statistiken z’erstellen, baséiert sech den Direkter vum Lycée classique vun Dikrech op d‘Zuele vun der Santé. Mat deenen Zuelen huet hien 3 Zenarien erstallt. A sengem 1. Zenario rechent hien domadder, dass Zuel vun den deeglechen Infektiounen ugangs vum nächste Mount – August - erofgeet. Am 2. Zenario geet den Marcel Kramer dovunner aus dat Zuel sech bei 100 stabiliséiert: „An dann hunn ech och domadder gekuckt, wéi dann de Verlaf an de Klinicken ass, do sinn dann effektiv méi Leit, déi an der Klinik mussen opgeholl ginn, an och natierlech um Niveau vun der Intensivstatioun an och vun den Doudegen, géif dat natierlech och eng konstant Steigerung ginn.“
Zur Interpretatioun vun den deeglechen Zuelen: dat ass net evident, well déi schwanke vill. Deen een Dag gi just 39 néi Fäll gezielt, den Dag drop sinn et der nees wäit iwwer 100. Nach emol de Marcel Kramer: „Ech ginn dovun aus, dass et entweder e bësse méi laang gedauert huet an de Laboen, dat de Weekend villäicht Tester eréischt e bësse méi spéit komm sinn, an dat bei deenen 150 déi mir haten, do eng Rei dobäi sinn, déi eigentlech den Dag virdrun, wou mir ënner 50 waren, dass der do eng Rei gefeelt hunn déi elo dobäi sinn. Dat heescht dass mir eis awer elo am Beräich apendele vun em déi 100 den Daach.“
D'Reproduktiounszuel, déi läit den Ament ënnert 1. An anere Wieder, 1 Persoun mam Covid stécht an der Moyenne manner wéi eng Persoun un. Dësen Taux wërft par Rapport mat der Zuel vu positive Fäll awer e puer Froen op: „D'Reproduktiounszuel ass ëmmer ee Bléck an d'Vergaangenheet an et kann een eigentlech soen, dat mat där Aart a Weis wéi se och hei a Lëtzebuerg gerechent gëtt, dass een do ongeféier eng Woch no hanne kuckt. Dat heescht, et misst een eigentlech soen, dass déi Reproduktiounszuel déi 0,92 déi elo publizéiert gouf, dass dat u sech de Wäert war vum 21. Juli.“
Wéi et am Hierscht weider geet, wann ee nees méi dobannen ass a manner lëft, weess nach keen. Dem Direkter aus dem Dikrecher Kolléisch no géing de Virus eis awer nach dat ganzt Joer verfollegen.
