
D'Mënscherechtskommissioun huet en Dënschdeg per E-Mail hir Recommandatioune fir d'Gesetz iwwert d'Videoiwwerwaachung presentéiert.
D'CCDH begréisst, datt domat eng legal Basis fir dës Zort vun Iwwerwaachung geschafe gëtt, réit der Regierung awer genee ze kucken, wéi sënnvoll se ass, vue dass se Risike fir d'Mënscherechter duerstellt. D'Effikassitéit vun der Videosurveillance op spezifesche Plaze misst idealerweis vun engem externen Organ, also net vun der Police selwer, iwwerpréift ginn.
D'Plazen, op deenen eng Videosurveillance erlaabt ass, missten am Gesetz nach méi präziséiert ginn. D'Mënscherechtskommissioun mécht sech Gedanken iwwer informatesch Outilen, déi et erlabe sollen, "Situatiounen" automatesch z'erkennen. Hei misst sécher gestallt ginn, datt Diskriminatioun ausgeschloss gëtt.
Esouwuel d'Gesiichtserkennung wéi d'Tounopnam missten der CCDH no explizitt verbuede ginn. Iwwerdeems missten d'Plazen, op deenen et eng Videosurveillance gemaach gëtt, nach méi kloer signaliséiert ginn, esou eng weider Recommandatioun.