Am Fong muss een op der Uni Lëtzebuerg en Erasmus maachen, fir nei Länner a Kulture kennenzeléieren. Mä d'Pandemie mécht dem ganzen e Stréch duerch d'Rechnung.
D’Yasmine Kummer hätt schonn d’lescht Semester hiren Erasmus maache sollen. Si wier op Freiburg gaangen, mä d’Coronakris koum dertëscht.
Si géingen net méi d'Méiglechkeet kréien, den Erasmus nozehuelen. D'Kueren déi si am Summer lo online haate géinge lo als Erasmus ugesinn ginn, sou d'Studentin.
Mee d’Yasmine Kummer huet dofir och nei Saache geléiert, déi am normalen net méiglech gewiescht wieren. Hirer Meenung no hat dat ganzt also zwou Säiten.
Et wier natierlech negativ, dass se keng nei Erfarung am Ausland konnte sammelen, mä et hätt och seng positiv Säiten. Zum Beispill hate si elo d'Méiglechkeet, déi lescht 2 Méint a Schoulen a Maison Relaisen ersetzen ze goen, wat wäertvoll Erfarung fir d'spéidert Liewen ass.
Wäertvoll Erfarunge well och d’Liz Weis sammelen. Si huet vir, am nächste Semester en Erasmus an den USA ze maachen. Ob si dat awer och wierklech maache kann, war laang onkloer.
Et wiere vill Momenter gi wou d'Studentin gezweiwelt hätt, mä elo kéint een erëm ee Visa ufroen, soudass nach Hoffnung géing bestoen. Dem Liz Weis ass et zemools wichteg eng nei Kultur ze gesinn an en anert Studenteliewe kennen ze léieren. 40 Prozent vun de Kuere wäerten awer online sinn, fir ze vermeiden, dass vill Leit op enger Plaz zesummekommen. Hatt weess awer och, dass hatt sech ka glécklech schätzen, dass hatt iwwerhaapt goe kann. Vill Leit hätten déi Chance net.
Obwuel een zu Lëtzebuerg een Erasmus maache muss, mécht d’Uni.lu eng Ausnam wéinst der Coronakris.
