Verschidde Gemengen hu jo kleng Kiermessen organiséiert an och d'Weiere si bei deem hëtzege Wieder gutt besicht.
“Summer Feeling zu Déifferdeng” – D’ Maartplaz ass eng Strand-Bar. Wie mat engem Cocktail e bësse wëll ofschalten, ass hei genee richteg.
Déi traditionell Kiermes ass dëst Joer net – Ma d’ Cheryl Plezer kënnt schonns zanter Jeren mat der Famill an hirem Panamericana op Déifferdeng an ass frou och dëse Summer nees dobäi ze sinn.
