CGDISUm Sonndeg am Nomëtteg goufe 4 Motocyclisten an Accidenter verwéckelt

RTL Lëtzebuerg
Um 13 Auer war et op der Diddelenger Autobunn d'Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto. Eng Persoun gouf verwonnt.

Um 14.45 Auer ass ee Motocyclist gefall zu Bruch. D'Persoun gouf blesséiert.

Um Briddel war et um 15.15 Auer een Auto an ee Motocyclist, déi net laanschtenee komm sinn. Eng Persoun gouf verwonnt.

Zu Gouschteng war et um 16.20 Auer d'Chute vun engem Motocyclist, déi Persoun huet sech derbäi blesséiert.

Um Sonndeg war et géint 15.30 Auer iwwerdeems och d'Kollisioun tëscht 4 Gefierer op der A7, dat op der Héicht vum Gousselerbierg. Derbäi goufe 4 Leit blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO