AccidentTëscht Biissen a Viichten sinn 3 Autoen net laanschtenee komm

RTL Lëtzebuerg
En Accident gouf et e Freideg de Moien um CR306. 3 Autoe waren involvéiert an 2 Persoune goufe blesséiert.
© Domingos Oliveira / RTL

Wärend den Opraumaarbechten an der Viichtener Strooss koum et zu Perturbatiounen am Trafic. Den Accident war géint 8 Auer geraumt.

E weideren Accident gouf et e Freideg de Moien op der A13 am Tunnel tëscht Fréiseng an Helleng. Eng Camionnette krut hei eng Leitplank ze paken. De Bilan ass 1 Blesséierten.

Zu Flatzbuer si kuerz no 10.30 Auer 2 Gefierer kollidéiert, 4 Persoune goufen hei verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO