Zesumme mat dem Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel, dem Wirtschaftsminister Lex Delles an dem Finanzminister Gilles Rot gëtt de Premier Luc Frieden Detailer iwwer deen Accord, deen een an der Tripartite mat de Sozialpartner konnt fannen.
D'Pressekonferenz ass fir 16 Auer geplangt, nodeem de Premier d'Chamber iwwer den Accord informéiert huet.