PolicegewerkschaftPolice soll wéinst Personalmangel entlaascht ginn

Monica Camposeo
Fréistens 2025 kéinte 600 nei Beamten agestallt ginn, dat och, wéinst der Formatioun vun de Polizisten, déi sech iwwer 2 Joer zitt.
Police soll wéinst Personalmangel entlaascht ginn
Bis 2023 sollen 600 nei Polizisten rekrutéiert ginn. D'Gewerkschaft huet awer Bedenken weinst der Dauer vun de Formatiounen.

Eng 1000 Policebeamte feelen um Terrain. Dat geet aus internen Berechnunge bei der Police ervir. Déi nei Rekrutements- a Formatiounsprozeduren, déi Ugangs der Woch vum neie Minister Henri Kox presentéiert goufen, kéinten de Problem vum Personalmanktem och net op ee Coup léisen.

Rekrutement bei der Police / Reportage Monica Camposeo

Bis Enn 2022 solle bei der Police am Ganze 607 Beamte fir d’Aarbecht um Terrain bäikommen an 240 Zivilisten, déi an der Administratioun schaffe sollen. De Rekrutement vun den Ziviliste kéint séier iwwer d’Bün goen, esou de Pascal Ricquier, President vun der Policegewerkschaft. Bei de Beamte géing sech d’Prozedur awer iwwer Joren zéien.

 „Et ass net, wéi gesot ginn ass, dass am Joer 2022 600 Leit méi um Terrain sinn, well dat kann jo net opgoen. Déi éischt 200, déi kommen d’nächst Joer am Abrëll. Si hunn 2 Joer Ausbildung, dat heescht déi éischt 200 ginn am Joer 2023 fäerdeg. Déi 200 déi nokommen, dat gëtt 2024, déi lescht 200, fir op déi 600 ze kommen, do sinn mer dann scho bei 2025. Dat heescht virun 2025 hunn mir kee Renfort vun 600 Leit."

Dat wier awer e Problem, virun allem, well de Personalmanktem aktuell zu villen Iwwerstonne géing féieren. D’Konsequenzen dovunner sinn, dass méi einfach Feeler kéinte passéieren. De Pascal Riquier betount, dass et sech ëm e systematesche Problem handelt, virun allem well:

„Mir schwätzen hei vun 20 Stonnen, 24 Stonnen an nach doriwwer eraus. Dat sinn 3 Schichten, déi déi Leit schaffen, ouni Paus. An dat fänkt un, geféierlech ze ginn. Mir gi Camionschauffer protokolléieren, well si hir Rouzäiten net anhalen an eis Beamten halen hir Rouzäiten da selwer net an. Dat kënne mir als Police net toleréieren.“

Et kéint virun allem geféierlech ginn, wann e Policebeamten, deen scho méi laang am Déngscht ass,zum Beispill zu enger Poursuite mat héijer Vitesse kënnt.

Dass méi Personal gebraucht gëtt, ass evident. Ma fir de Rekrutement wier et awer net onbedéngt e Virdeel, EU-Staatsbierger bei der Police unzehuelen. Virun allem bei der Sprooch kéint et Problemer ginn, esou de President vun der Policegewerkschaft. Et bréicht ee Moossnamen, déi d‘Policebeamten direkt entlaaschten, esou zum Beispill:

„D’Police muss e ganze Koup Saachen ofginn. Den Arrestantentransport un d’Giischtercher zum Beispill. Oder alles, wat Päschziedelen ass, Leit, déi hir Parkziedelen net bezuelen, un d’Agents Municipaux oder den Enregistrement. Do ginn et nach méi Weeër, fir dat ze maachen.“

Och d’Presenz op Plazen mat méi héijer Kriminalitéit kéint nëmme garantéiert ginn, wann och genuch Policebeamten dofir zur Verfügung stinn, esou den Pascal Riquier weider.

Policeminister Henri Kox: Reorganiséieren, fir Iwwerstonnen an de Grëff ze kréien.

Iwwert déi nächst 3 Joer solle jo déi 607 Polizisten an 240 Zivilisten agestallt ginn, deen Accord hätt ee mat den zoustännege Leit bei der Police fonnt, erkläert den neie Policeminister. Et huet een en neit Police-Schoul-Gesetz kritt an elo muss een nach Promotioun fir de villfältege Beruff vum Polizist maachen.

D'Consultatiounsdebatt an der Chamber huet gewissen, datt een aktuell um richtege Wee ass, wat d'Police betrëfft. Och wann een am Gesetz nach verschidde kleng Adaptatioune muss maachen, präziséiert den Henri Kox. Do wier een och oppe fir Changementer, ma elo misst Prioritéit emol bei de Rekrutementer leien, datt een déi richteg Leit fir dëse Beruff fënnt.

De reelle Problem mat den Iwwerstonnen, wëll den Henri Kox an de Grëff kréien, an deem déi Rouzäiten och mussen agehale ginn. De Minister ass sech do awer am kloren, datt et och do Exceptioune ginn, wou een net derlaanscht kënnt. Dofir wëll hien do, wou e Manktem ass, reorganiséieren an iwwer déi Plazen, wou manner Problemer sinn, déi Iwwerstonnen an de Grëff kréien. Bei de Spezialisten awer, wéi vum Miess an Erkennungsdéngscht, kann et awer virkommen, datt Iwwerstonne musse gemaach ginn, well een eben net esou vill där Spezialisten am Land huet.

Back to Top
CIM LOGO