
RTL huet bei der Oppositioun nogefrot, wéi d'Iddie vum grénge Minister dann esou ukommen. Déi reagéiert à ce stade nach reservéiert, well et jo nach kee fäerdegen Text gëtt. Ma op engem Punkt waren d'Vertrieder vun Déi Lénk, ADR an CSV sech op alle Fall eens.
An zwar, datt d'Gesetz vum Bail à loyer wierklech muss op de Leescht geholl. Den CSV-Parlamentarier Marc Lies begréisst d'Initiative, et géing een och vill eegen Iddien erëm fannen a wéilt op alle Fall konstruktiv matschaffen: "Déi éischt Piste ginn an déi richteg Richtung. De Locatiounsmarché ass am Gaang z'iwwerdréien."
Zum Beispill géing een et ënnerstëtzen, datt Wunngemeinschafte méi präzis sollen definéiert ginn, fir Abuse vu kommerziellen Acteuren z'evitéieren. Natierlech misst een nach op en detailléierten Text waarden, iert een definitiv Positioun bezitt.
D'ADR schwätzt ënner anerem vu Gimmicken, déi awer net vill géinge bréngen. Den Deputéierte Roy Reding: "Do sinn da Saachen, wéi datt de Proprietären an Zukunft 50% vun de Frais d'agences muss droen oder datt d'garantie locative vun 3 Méint op 2 Méint erof geet. Dat kléngt ganz gutt, an der Praxis ass dat awer näischt anescht, wéi datt d'Loyere wäerten entspriechend gehéicht ginn. Resultat vun der Course: Mir hu méi héich Loyeren a manner Wunnraum um Maart."
Fir den David Wagner vun Déi Lénk muss den Usaz natierlech dee sinn, datt d'Loyeren net méi weider esou an d'Luucht schéissen.
Nodeems wat hien haut presentéiert krut wier hien awer skeptesch, datt dat wäert geléngen: "Wann et drëm geet d'Gesetz ze botzen a gewëss wichteg Saachen ze reegelen, wéi d'Fraisen, d'Colocatiounen, d'Cafészëmmeren, dann ass dat ganz gutt. Prinzipiell wäert awer de Knackpunkt dee sinn, datt et drëm geet déi phänomenal Inflatioun an de Grëff ze kréien. Do weess een nach net a wéi eng Richtung datt et wäert goen."
Un der 5%-Reegel beim Capital investi sollt net onbedéngt gefréckelt ginn, mä et sollt zum Beispill e Referenzwäert definéiert ginn, fannen déi Lénk.