
Den Tribunal administratif huet nämlech en anere Recours vu Privatleit als zum Deel justifizéiert ugesinn an dowéinst Decisioune vum Stater Gemengerot vun Abrëll 2017, vum viregten Inneminister a vun der Ëmweltministesch vun Oktober 2017 annuléiert. D'Stad, de Stat an de Fonds du Kirchberg mussen och fir d'Fraisen opkommen. Am Juni 2016 hat de Stater Gemengerot d'Prozedur fir d'Adoptioun vum PAG lancéiert an de Schäfferot den Dag dono dee fir d'PAPe „Quartiers existants“.
De Mount drop hate 14 Privatleit hir Objektiounen zum zukünftegen Amenagement vun Terrainen um Weimeschhaff virbruecht.
De Gemengerot hat de PAG an d'PAPen am Abrëll 2017 ugeholl, wougéint d'Privatleit am Mee vun deem Joer beim Inneminister reklaméiert haten. Deen Dan Kersch an d'Ëmweltministesch haten d'Decisioun vum Gemengerot awer am Oktober 2017 guttgeheescht. 12 vun de 14 Privatleit waren am Januar 2018 op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Deem seng 1. Riichter halen an hirem Urteel fest, dass PAGen a PAPen, ier se ugeholl ginn, enger Ëmweltetüd ënnerleie mussen; just Pläng, an deenen et ëm d'Benotze vu klengen Zonen um lokalen Niveau an ëm kleng Ofännerunge geet, wären dovun ausgeholl.
Well den iwwerschafftene Stater PAG net dorënner fale géif, wäre sou eng Ëmweltetüd an e Rapport iwwer Ëmweltinzidenzen néideg.
D'Carole Dieschbourg hat am Juli 2014 an engem Bréif un d'Stater Gemeng ë.a. geschriwwen, dass keng notabel Inzidenzen op d'Ëmwelt virauszegesi wären. D'Geriicht schreift, dass dem Gesetz vun 2004 iwwer ë.a. den Aménagement communal no „un risque d'atteinte significative à une espèce protégée (...), voire à l'habitat d'une telle espèce“ als notabel Inzidenz unzegesi wär.
Am Abrëll 2017 wär an der strategescher Ëmweltpréiwung Rieds gaange vu Fliedermausanalysen, déi amgaange wären; zwee Méint drop wären op deem Deel vum Kierchbierg 3 Zorten nogewise ginn, dorënner d'“Grosse Mausohr“, där hire Liewensraum geschützt ass.
D'Informatiounen, déi de Gemengerot hat, wéi e seng Decisioun geholl huet, wären deemno - well d'Presenz vun där Zort Fliedermaus net ervirgehuewe gi wär - net komplett an d'Auswierkunge vum PAG op dee Liewensraum net ofzeschätze gewiescht.
Woufir d'Decisioun vum Stater Gemengerot z'annuléiere wär.
