Luc Frieden bei Arrivée um EU-SommetNach keng Decisioun, ob d'5-Cent-Reduktioun op de Spritpräisser verlängert gëtt

Pierre Jans
De Staatsminister huet erkläert, dass de Präis wuel wichteg wär, ma dee wär zu Lëtzebuerg jo scho méi niddreg ewéi a villen EU-Länner. Dobäi kéimen d‘Indexéierung vun de Léin an Energieprimme fir Leit mat klenge Salairen.

D‘Regierung huet nach net decidéiert, ob d‘Spritpräisser iwwer Enn Dezember eraus ëm 5 Cent de Liter reduzéiert ginn.

Dräi Véierels vun de Walberechtegten hu sech an der Sonndesfro vun Ilres fir RTL an d‘Wort dofir ausgeschwat, dass déi Tripartitesmesure verlängert gëtt.

Aktuell ass d‘Konditioun fir déi staatlech Hëllef jo och nach erfëllt. D‘Präisser op der Pompel leien däitlech iwwer dem Niveau vum Referenzwäert am Februar.

Bei senger Arrivée um EU-Sommet, bei deem d'Energiepräisser- a Versuergung an Europa en Haaptthema sinn, huet de Premier Luc Frieden erkläert, dass de Präis wuel wichteg wär, ma dee wär zu Lëtzebuerg jo scho méi niddreg ewéi a villen EU-Länner. Dobäi kéimen d‘Indexéierung vun de Léin an Energieprimme fir Leit mat klenge Salairen.

"Generell ass d‘Kafkraaft vun de Leit an den dräi Joer vun dëser Regierung bis elo eropgaangen. Mir wäerten doru weider schaffen. Mir hu keng Decisioun geholl, wéi mir dat an den nächste Woche maachen. D‘nächst Woch ass e Comité de Suivi vun der Tripartite. Mir wäerten dann all déi néideg Donnéeë vum Statec an anerë staatlechen Déngschter kréien, déi mir da konstruktiv mat de Sozialpartner wäerten diskutéieren."

Nach keng Decisioun, ob d'5-Cent-Reduktioun op de Spritpräisser verlängert gëtt
De Staatsminister huet erkläert, dass de Präis wuel wichteg wär, ma dee wär zu Lëtzebuerg jo scho méi niddreg ewéi a villen EU-Länner.

De Premier Luc Frieden huet virop d‘Energieversuergung als Prioritéit erkläert. D‘erneierbar Energië misste weider developpéiert ginn. Eng Pist, fir ënnert den EU-Länner méi resilient bei Energieenkpäss ze ginn, wier dem Luc Frieden no, dass d‘Reseauen tëscht de Memberstaate verbessert ginn. Wa Portugal eng Iwwerproduktioun duerch erneierbar Energien hätt, misst zum Beispill Lëtzebuerg deen Iwwerschoss einfach a säi Reseau kënnen akafen.

Thema ass ënnert anerem och d‘Kompetitivitéit vun Europa a wéi Aarbechtsplazen kënnen erhale ginn, esou de Premier Luc Frieden. Dofir misst d‘Bürokratie weider reduzéiert ginn. An dat soll elo och méiglechst séier ëmgesat ginn, fuerdert de Lëtzebuerger Regierungschef.

Extrait Luc Frieden: Manner Bürokratie

"Ech drécken drop, datt all déi Texter, déi d'Europäesch Kommissioun virgeluecht huet, datt déi méi schnell duerch déi eenzel Formatioune vum Conseil an duerch d'Europaparlament kommen. Dat geet alles ze lues. Dozou gehéiert och, datt mer Energie hunn. Mee Energie ass eng Fro, net nëmme vum Präis. Energie ass virun allem mol eng Fro, datt mer genuch Energie hunn. An duerfir musse mer intensiv investéieren an erneierbar Energien."

Traditionell schwéier Diskussiounen erwaart de Lëtzebuerger Premier sech weider iwwer de pluriannuellen EU-Budget. E puer vun de Länner, déi méi an den EU-Budget abezuelen, wéi si erauskréien, fuerderen, datt den EU-Haushalt méi kleng gëtt wéi aktuell geplangt. Ënnert anerem den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz wëll de roude Bic usetzen, fir ze spueren. Anerer wëllen en zolitten EU-Budget fir méi Kohäsioun. Bis Dezember hunn d'EU-Staats-a Regierungscheffen Zäit, fir e Kompromëss ze fannen.

Wat d‘Ënnerstëtzung fir d'Ukrain ugeet, fuerdert Däitschland dogéint, datt dës weider eropgesat gëtt. Grad elo wou Russland seng Attacken op d‘Ukrain erëm intensivéiert huet, misst een der Ukrain staark zur Säit stoen.

Back to Top
CIM LOGO