Méi Kontrolle bei Wolt
An deem Projet de loi sollen d‘Regierung an d‘Sozialpartner sech erëmfannen. De Marc Spautz ass optimistesch, dass deen Text am Oktober kéint fäerdeg sinn.
Et wär ee sech nämlech eens, dass een zu Lëtzebuerg net wéilt, dass Persounen zu ganz schlechte Konditioune schaffe missten, dass Leit ausgebeut ginn. Den Aarbechtsminister mengt domadder virop Firmen, déi a sous-traitance fir Liwwerplattforme schaffen. Virun der Summervakanz hat hie méi streng Kontrollen an Aussiicht gestallt.
Effektiv hätt d‘ITM déi Sous-traitanten opgefuerdert, all hir Informatiounen ze ginn. Mat der Basis kéinte Kontrolle gemaach ginn. Weider wollt de Marc Spautz d‘Aarbecht vun der Gewerbeinspektioun an deem Kontext net kommentéieren.
Wann dann e Gesetz, mat deem och d‘EU-Direktiv iwwer d‘Plattformaarbecht ëmgesat soll ginn, gëlle géif, wär kee juristesche Vide méi do. Da kéinten d‘ITM an d‘Police hir Kontrolle richteg maachen, esou de Marc Spautz.
Nach keng Erliichterung op der Musel
Déi annoncéiert Bestëmmunge fir d'Hierschtleit, déi bei der Drauwelies hëllefen, gëllen dës Saison nach net. Et wär ee leider net fäerdeg ginn um parlamentareschen an institutionelle Wee, huet de Marc Spautz erkläert an dat och bedauert.
Wéi de President vun de Lëtzebuerger Privatwënzer Jeff Konsbrück hei op der Antenn beklot hat, huet d'Landwirtschaftskummer nämlech bis de 16. Juli gebraucht, fir hiren Avis virzeleeën. Ze spéit, fir de Gesetzprojet nach virun der aktueller Lies an der Chamber hätte kënnen ze votéieren, huet den Aarbechtsminister ze bedenke ginn. Elo am Hierscht kéinten d‘Deputéiert sech awer warscheinlech domat befaassen an da kann d‘Regierung hiert Verspriechen fir déi nächst Drauwelies anhalen.
Zu den Ouverturë gehéiert zum Beispill, dass d‘Saisonsaarbechter, déi entretemps dacks aus Rumänien oder der Ukrain kommen, net méi hei zu Lëtzebuerg bei den Aarbechtsdokter goe mussen, mee einfach ee Certificat vun engem Dokter aus hirem Heemechtsland duergeet. D‘Wënzer haten déi lescht Joren iwwer ze komplizéiert Reegelen, ze vill administrativen Opwand a streng Kontrolle geklot.
Logementsproblem léisen, fir Aarmut an de Grëff ze kréien
Leit, déi schaffen an awer net d‘Enner beienee kréien, ass e ganz grousse Problem hei am Land. Dat hat och d‘Presidentin vun der Stëmm vun der Strooss Alexandra Oxacelay d‘lescht Woch als Invitée bedauert. Den Aarbechtsminister Marc Spautz erkläert sech dee Phenomen mam Logementsproblem. Hien huet sëllege Mesurë vun der CSV-DP-Regierung ervirgestrach, fir méi abordabele Wunnraum ze schafen, respektiv Leit a finanzieller Nout beim Loyer z‘ënnerstëtzen. Wann de Logementsproblem net geléist gëtt, ginn et och 'Working poor'. Do war de Marc Spautz däitlech.
Beim Stagegesetz gëtt nogebessert
Inkohärenzen tëscht dem Code de la sécurité sociale an dem Code du travail sollen am Stagegesetz nogebessert ginn.
De President vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Studenten-Cerclen Mattis Noël hat bedauert, et géif Problemer bei Affiliatioun a Cotisatioune ginn. Duerch déi juristesch Widderspréch, wéinst deene Patrone sech et vläicht zweemol iwwerleeën, ob si e Stagiaire beschäftegen, wär d’Stagegesetz deemno méi kontraproduktiv.
Dem Aarbechtsminister Spautz no gouf et schonn eng Entrevue mat der ACEL, bei där och d'Ministesch fir d’Sécutité Sociale Martine Deprez dobäi war, fir Léisungen ze fannen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.