D’Krankheete si genee esou seele wéi den Dag, wou u si geduecht gëtt. Den 29. Februar ass den Dag vun de rare Krankheeten. Wann et deen net gëtt, wei dëst Joer, da fält et op den 28. Februar. Et ginn iwwert 6.000 rar Krankheeten op der Welt. De Laurent Agostino huet eng dovunner. Hien huet Emery-Dreifuss-Muskeldystrophie, kuerz EDMD. Dëst Form vu Muskelerkrankung gëtt duerch d’Mutatioun vun engem Gen ausgeléist. Doduercher gi seng Beweegunge mat der Zäit méi reduzéiert. Den Alldag ass mat Schwieregkeete verbonnen, normal Aufgaben an Aktivitéiten huelen dem jonke Mann méi Zäit.
De Laurent Agostino ass de Responsabele fir d’Schüler Sekretariat an Escher Jongelycée. Dat Gebai, wou hien och selwer d’Schoulbänk gedréckt huet. Fir sech ze hëllefen, huet de Laurent zanter knapp engem Joer ee Rollator, dee fir Leit mat Arthrite ass. Do virdrunner war hien déi lescht Jore vill un de Rollstull ugewisen. Un dee Gedanke misst den 29 Joer jonke Mann sech fir d’Éischt gewinnen.
Am Alldag mat engem Handicap konfrontéiert ze sinn, dat ass fir de Laurent an säin Entourage normal. Fir vill Kanner a Jonker awer net. Dofir krut de Laurent virun zwee Joer och proposéiert an eng Primaireschoul iwwert seng rare Krankheet an säin Alldag domadder ze schwätzen. Doropshin ass de Projet Awareness entstanen. Hie kläert Kanner iwwert rar Krankheeten op a léisst si all méiglech Froe stellen.
Zanter puer Méint deelt de jonke Mann säin Alldag an d’Challengen, déi domadder verbonne sinn, iwwert Social Media-Videoen. Vum Akafe goe bis zum opstoen a Kaffimaachen, dem Laurent seng Aart a Weis der Welt ze weisen, wéi et sech mat enger rarer Krankheet lieft. Mee och nei Erliefnisser gi vun der Kamera agefaangen.
Säin Entourage: egal op d’Famill, d’Frënn oder seng Fra, ass ee groussen Deel vu senger Geschicht a Motivatioun. Och wa seng Krankheet him verschidde Steng an de Wee geluecht huet, hunn d’Leit ronderëm him. ëmmer gekuckt, säi Liewe esou gutt et geet barrièrefräi ze gestalten.